Jacques Brocquart

Vu Wikipedia
Jacques Brocquart
Gebuer 24. Juni 1588
Gestuerwen 14. Abrëll 1660
Aktivitéit Priister

De Jacques Brocquart ass de 24. Juni 1588 zu Diddenuewen gebuer an de 14. Abrëll 1660 als Jesuittepater zu Lëtzebuerg gestuerwen. Hie gëtt als den Initiator vun der Muttergottesoktav zu Lëtzebuerg ugesinn.

Hie war Professer am 1603 nei gegrënnte Jesuittekolléisch an huet den 8. Dezember 1624, um Fest vun der Onbefleckter Empfängnis, zesumme mat Studenten eng Muttergottesstatu, där hien den Titel Tréischterin am Leed ginn huet, ënner engem Kräiz um Glacisfeld opgestallt, fir dohin ze pilgeren.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Jacques Brocquart (och nach Brocca, Brocard, Broquardt oder Broncquardt geschriwwen) staamt aus enger adeleger Famill aus dem Areler Land. Et ass net gewosst, wéini seng Famill op Diddenuewen koum an zanter wéini si am Haus 8 vun der haiteger Maartplaz gelieft huet, do wou de Jacques ëm de 24. Juni 1588 gebuer gouf. Säi geneeë Gebuertsdatum wousst hie selwer net.

Am Joer 1608 trëtt hien zu Tournai bei d'Jesuitten an den Uerden, ass vu 1612-1614 Professer am nei gegrënnte Jesuittekolléisch zu Lëtzebuerg, féiert duerno seng Theologiestudien zu Dinant weider a gëtt 1622 zum Priister geweit. Vu 1622 un ass hien erëm Professer – ënner anerem fir Rhetorik – am Jesuittekolléisch an ass och wärend 20 Joer verantwortlech fir d'Kateches vun de Kanner aus der Stad Lëtzebuerg.

Et ass kee Portrait vum Pater Brocquart bekannt. Et ass awer gewosst, datt hien eng schwaach Gesondheet hat a war sécher och dowéinst sensibel op d'Epidemie vun der Pescht, déi 1626 zu Lëtzebuerg ausgebrach ass. Am Joer 1648 gëtt hien e Sammelband mam Titel Wunderwerck Und gnadenreiche Hayllungen So Unsere Liebe Fraw die Trösterin eraus, an deem 125 Heelungsberichter aus der Zäit tëscht 1626 a 1647 stinn.[1] Vu 1650 u war hie schwéier krank. Hie gouf 1660 um Kierfecht vun der Nikloskierch um Krautmaart begruewen, do wou haut d'Chamber steet. Et ass awer net gewosst, wou genee säi Grafstee läit.

Grënner vun der Muttergottesoktav[änneren | Quelltext änneren]

Ënnerstëtzt gouf dem Pater Brocquart seng Initiativ fir zu Lëtzebuerg bei d'Maria ze pilgere vum Grof Berlaymont, wéi och vum den Albert vun Éisträich[2] a senger Fra der Isabella vu Spuenien[3], d'Statthalterpuer vun de Spueneschen Nidderlanden. Tëscht 1625 a 1628 ass ënner senger Regie d'Pilgerkapell (Neipuertskapell genannt) um Glacis-Feld gebaut ginn, déi scho 1640 erëm ënner him vergréissert a 1642 nei ageweit gouf.

De Pater Brocquart hat gehofft d'Neipuertskapell schonn am Joer 1625 fäerdeg gebaut ze hunn, du krut hien awer d'Pescht, och nach Schwaarzen Doud genannt. A senger Nout an op sengem Stierfbett huet de fromme Pater sech mat ganzem Vertrauen un d'Maria als Tréischterin am Leed geriicht. Op Urode vu sengem Beichtvater huet hien e reliéist Verspriechen (Gelübd) ofgeluecht: Wann hien dach sollt gesond ginn, da géif hie buerféiss a mat nach méi Äifer bei d'Neipuertskapell pilgeren an der Muttergottes eng Käerz vun zwee Pond schenken. Hie gouf 1626 gesond an huet säi Versprieche gehalen.

De Pater Brocquart huet zu Antwerpen Biller vun der Tréischterin op Pabeier drécke gelooss, zu Nanzeg Medaile wéi och Statuen aus Holz, Steen, Sëlwer oder Gold an Optrag ginn. Hien hat domat sou vill Succès, datt d'Bild vun der Tréischterin a villen Dierfer a Stied veréiert ginn ass. Sou koum och d'Bild vun der Lëtzebuerger Tréischterin duerch spuenesch Zaldote scho 1642 op Kevelaer.

Dem Pater säin Numm lieft weider am Numm vun den Internater, déi d'Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg ënnerhält: d'Internats Jacques Brocquart. Um Fetschenhaff ass eng Strooss no him benannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Paedagogus Christianus, Luxembourg, 1629.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Schneider Jean-Paul, 2010, Un grand serviteur de Notre-Dame, Le Père Jacques Brocquardt, fondateur du pèlerinage de l'Octave, s'est éteint il y a 350 ans, in: Luxemburger Wort, 28. 4. 2010, S. 21.
  • Faltz Michael, 1948, Heimstätte U. L. Frau von Luxemburg, Sankt Paulus Druckerei, Luxemburg, 1948, 3. Aufl.
  • Muller Dr. P. J., 1939, Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes, Verlag der "Cahiers Luxembourgeois", Luxembourg.
  • A.Heinz: Die Wallfahrt zu Maria, der «Trösterin der Betrübten», an der Hémecht, Revue d’histoire luxembourgeoise, vol.46 (1994), pp. 125–139.
  • A.Reuter: Aux origines d'une vocation: l'entourage thionvillois du P. J. * Broquart, an der Hémecht, vol. 46 (1994), pp. 117–121.
  • A.Steffen: J. B., an der Hémecht, vol.4 (1959), pp. 185–193.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Giovanni Andriani, Wunderheilungen Unserer Lieben Frau von Luxemburg im 17. Jh.
  2. Albert VII, Archduke of Austria
  3. Infanta Isabella Clara Eugenia of Spain