Jean Bertholet

Vu Wikipedia
Jean Bertholet
Gebuer 30. Dezember 1688
Vielsalm
Gestuerwen 26. Februar 1755
Léck
Aktivitéit kathoulesche Priister
Titelblat vum 1. Band vun der Histoire...

De Jean Bertholet SJ, gebuer den 30. Dezember 1688 zu Vielsalm a gestuerwen de 26. Februar 1755 zu Namouer, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker, Auteur vun der Histoire ecclésiastique et civile du duché de Luxembourg et comté de Chiny, der ëmfangräichster Lëtzebuerger Geschicht, déi bis ewell geschriwwe gouf.

De Jean Bertholet huet an der Stad bei de Jesuitte studéiert an ass mat 20 Joer zu Tournai an deen Uerden agetrueden. Hien huet zu Tournai an Namur enseignéiert, an duerno zu Douai Theologie studéiert. 1723, mat 35 Joer, gouf en zum Paschtouer ordonéiert. 15 Joer laang ass en doruechter gezunn, fir dëse Beruff auszeüben, do huet e sech zu Lëtzebuerg etabléiert, fir säin Haaptwierk ze schreiwen, déi schonn ernimmt Histoire ecclésiastique et civile du duché de Luxembourg et comté de Chiny, déi tëscht 1741 a 1743 an 8 Bänn beim Drécker an Editeur André Chevalier erauskoum. Se hat am Ganze 4.584 Säiten.

Déi Publikatioun huet dem Bertholet méi Misär wéi Freed gemaach. Hie krut Gedeessems mat de Stänn, a säin Editeur an Drécker Chevalier a säi Pabeiersliwerant wollten nach Sue vun him. Fir deem aus de Féiss ze goen, huet hie sech op Namur zeréckgezunn, wou en am Alter vu 66 Joer gestuerwen ass.

D'Histoire..., déi vun de Stänn ëmmerhi mat 13.666 Gulde finanzéiert gouf, war, vun engem historiographesche Point-de-vue, eng typesch Rechtfertegung vum Ancien Régime, d. h. der gottgewollter Andeelung vun der Gesellschaft, mat Kierch a Monarchie als Haaptsailen, an der Onverännerlechkeet vun de gesellschaftlechen Zoustänn. Si gouf schonn zu Liefzäite vum Bertholet staark kritiséiert, virun allem vum Michel Simon, engem Bibliothécaire a selwer Auteur vun historeschen Texter. Hie wërft em vir, "dee gréissten Ignorant vum Universum" ze sinn a rose wéineg Anung vun der réimescher Geschicht ze hunn. (De Bertholet schrouf z. B., den Hellege Péitrus wier bis op Tréier (an duerch Lëtzebuerg) komm).

Ausserdeem hat de Bertholet dem Nottär an Historiker Jean-François Pierret säi Manuskript (5 Bänn; vgl. Nationalarchiv ANLux A.X 34) Essay sur l'histoire du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny zimmlech onverschimmt ausgeschluecht, a kont sech nëmme knapps dem Virworf vum Plagiat ëntzéien.

Wéi en du bis zu Namouer war, huet de Bertholet e weidert Buch geschriwwen, d'Histoire de l'institution de la Fête-Dieu, dat 1746 zu Léck erauskoum.

An der Stad Lëtzebuerg ass am Quartier Belair eng Strooss no him benannt.

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Histoire ecclésiastique et civile du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny, mat Stéch vum P.A. Kilian, 1741-1743, Lëtzebuerg, 8 Bänn.
Nodrock vum Musée en Piconrue, Place en Piconrue, 2 B-6600 Bastogne,1997, 8 + 1 Band mat Annexen.
Bei Google books:
Tome IV Depuis Sigéfroy, premier Comte de Luxembourg.
Tome VII Depuis Wenceslas, premier Duc de Luxembourg.
  • Histoire de l'institution de la Fête-Dieu, Liège, 1746.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Bertholet – Biller, Videoen oder Audiodateien