Jean-François Pierret (1673)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergeschen Nottär an Historiker. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Jean-François Pierret. |
Jean-François Pierret | |
---|---|
Gebuer | 1673 |
Gestuerwen |
23. Abrëll 1738 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Nottär |
De Jean-François Pierret, gebuer 1673, a gestuerwen den 23. Abrëll 1738 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Nottär an Historiker.
De Jean-François Pierret ass haaptsächlech fir seng Geschicht vum Herzogtum Lëtzebuerg bekannt: Essay sur l'histoire du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny (5 Bänn in-folio). Dat Wierk gouf zwar ni publizéiert, mä et läit als Manuskript an de Lëtzebuerger Nationalarchiven, wou een et ka consultéieren (ANLux A. X 34).
Dëst onverëffentlecht Wierk, wéi och Manuskripter vum Alexandre Wiltheim, goufen zimmlech onverschimmt vum Jesuittepater Jean Bertholet fir seng eege Geschicht vum Herzogtum Lëtzebuerg[2] ausgeschluecht, an zwar därmoossen, dat hie sech nëmme knapps dem Virworf vum Plagiat konnt entzéien. Dat erkläert firwat de Bertholet spéider seng Geschicht vum Prënzbistum Léck[3] ni publizéiert krut...
De Jean-François Pierret huet nach en anere Manuskript hannerlooss: Recueil des anciennes maisons nobles éteintes ou vivantes, originaires du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny, tant espagnol que français, avec le blason de leurs armes. 1964 huet de Robert Matagne dëst Wierk, mat Bemierkungen, an der Serie Les Amis de l'Histoire, Heft 5 (1964), zu Lëtzebuerg publizéiert (Ss. 109-149, ill.).
Den Historiker an Nottär Jean-François Pierret däerf net mam franséischen Affekot a Politiker Jean-François Pierret (1738-1796) aus der haiteger Regioun Champagne-Ardenne verwiesselt ginn.
Literatur zum J.-Fr. Pierret
[änneren | Quelltext änneren]- Maurice A. Arnould, Historiographie de la Belgique - Des origines à 1830 ; Collection nationale, 7e série - N° 80; Office de Publicité, S.C.; Bréissel, 1947; vgl. d'Ss. 52-53!
- Joseph Goedert, De la Société archéologique à la Section historique de l'Institut grand-ducal - Tendances, méthodes et résultats du travail historique de 1845 à 1985 ; in: P.S.H., Bd. CI; Lëtzebuerg, 1987; vgl. d'S. 14!
- Alain Atten, Le Luxembourg à la fin de l'Ancien Régime - Structures politiques, sociales et économiques ; Broschür zu enger Dokumentarausstellung (6.-31. Januar 1989) am Cercle municipal an der Stad Lëtzebuerg; erausgi vum Lëtzebuerger Nationalarchiv (ANL), Lëtzebuerg, 1989; 87 Säiten.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Sterbefälle - 1716 - 1751 - KB-01v* | Luxemburg-Notre-Dame | Diözesanarchiv Luxemburg / Archives diocésaines Luxembourg | Luxemburg/Luxembourg | Matricula Online. data.matricula-online.eu. Gekuckt de(n) 13.11.2020.
- ↑ Jean Bertholet: Histoire ecclésiastique et civile du duché de Luxembourg et du comté de Chiny. 8 Bänn, erauskomm zu Lëtzebuerg, beim Drécker André Chevalier, tëscht 1741 a 1743
- ↑ Jean Bertholet: Histoire de l'église et de la principauté de Liège