Jean-François Pierret (1738)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséische Politiker a Jurist. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Jean-François Pierret.
Jean-François Pierret
Gebuer 7. November 1738
Rocquigny
Gestuerwen 5. Februar 1796
Reims
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Riichter

De Jean-François Pierret, gebuer de 7. November 1738 zu Rocquigny an de franséischen Ardennen a gestuerwen de 5. Februar 1796 (16 pluviôse an IV) zu Reims, war en Affekot, Politiker a Magistrat.

Hie war Konselljee vum Kinnek a Procureur an der Maîtrise des eaux et forêts zu Reims, an an der Zäit vun der franséischer Revolutioun vum 6. Februar bis de 26. November 1790 den éischte Buergermeeschter vu Reims.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]