Christ Roi-Kapell

Vu Wikipedia
Christ Roi-Kapell
Uertschaft / Plaz Belair
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Chrëschtkinnek
Konsekratioun 1932
Architekt(en) H. Schumacher
Baujoer 1932
Koordinaten 49° 36’ 36.0’’ N
      06° 06’ 59.9’’ O
Banneraum vun der Kapell

Banneraum vun der Kapell
Banneraum vun der Kapell
Kierchen - Kapellen

D'Christ Roi-Kapell um Belair, och Jesuittekapell genannt, ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

D'Kapell huet als Patrozinium de Chrëschtkinnek (Rex Christus). D'Chrëschtkinneksfest gëtt de Sonndeg virum éischten Adventssonndeg gefeiert.

Se steet um Belair an der Avenue Gaston-Diderich an ass un d'Jesuitteklouschter op der Nr. 25 ugebaut.

Zur fréierer Par Belair gehéiert ausser der Christ-Roi Kapell och nach d'Parkierch vum Belair.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Juli 1931 hunn d'Jesuitte sech an der Stad Lëtzebuerg am deemools nach neie Staddeel Belair niddergelooss a well et nach keng Kierch an deem Quartier gouf, hu se direkt ugefaangen, de Bau vun enger Kapell ze plangen.

D'Pläng goufe vum Architekt Hubert Schumacher am Bauhausstil gemaach. De Grondstee vun der Kapell gouf de 6. Oktober 1931 geluecht. Den Entreprener war d'Firma Giorgetti. D'Kapell gouf de 16. August 1932 ageweit.

Virbild an architektonescher Hisiicht waren d'Kierche vu Ratingen/Düsseldorf (1967 ofgerappt) a Frankfurt/Bockenheim (Frauenfriedenskirche), déi vum Hans Herkommer gebaut goufen. Et war dëst déi éischt Kéier, datt zu Lëtzebuerg e Kierchegebai gebaut gouf, dat net méi am neo-romaneschen oder neo-gotesche Stil war.[1]

Den Interieur ass ganz sober, ze gesi si Relieffer vum Claus Cito an e Bild vum Dominikaner-Pater Kim En Joong.

1993-94 gouf d'Kapell ënner der Leedung vum Architekt Jean Petit restauréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Petit: Chapelle du Christ Roi an: L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30. S. 42 - S. 45, Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg, 1997, ISBN 2-919878-02-6
  • Jean Petit: Gedanken zum Bau der „Chapelle du Christ-Roi“ in Belair 1932 an: Hémecht 1/1994, S. 273-281

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christ Roi-Kapell – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Mireille Meyer: "Das Bauhaus, eine Kuriosität." wort.lu, 25.09.2020.