Joseph Spillmann
Joseph Spillmann | |
---|---|
Gebuer |
22. Abrëll 1842 Zug |
Gestuerwen |
23. Februar 1905 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Schwäiz |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister, Schrëftsteller, kathouleschen Theolog |
De Joseph Martin[1] Spillmann, gebuer den 22. Abrëll 1842 zu Zug an der Schwäiz, a gestuerwen den 23. Februar[2] 1905 zu Lëtzebuerg, war e Schwäizer Schrëftsteller a Jesuitt.
De Spillmann war e populäre Schrëftsteller, dee sech mat senge Wierker besonnesch un d'Jugend adresséiert huet. Hie war den Editeur vun der Sammlung Aus fernen Landen (Herder, Freiburg), an där hie selwer ronn eng Dose Bicher publizéiert huet: spannend Abenteuergeschichten, déi de Missiounsgedanke bei der Jugend fërdere sollten.
Hie war ee vun de bekanntste kathoulesche Schrëftsteller vu senger Epoch, mat Wierker wéi: Wolken und Sonnenschein ; Die Wunderblume von Woxidon: historischer Roman aus dem letzten Jahre Maria Stuarts ; Die Goldsucher: eine Erzählung aus der Mission von Alaska ; Selig die Barmherzigen: Erzählung aus den Tagen des Negeraufstandes von Haïti, etc.[3]
De Schluss vu sengem Liewen huet de Spillmann an deem vun den däitsche Jesuitten um Lampertsbierg gebaute Schrëftstellerheem Bellevue verbruecht, wou hien den 23. Februar 1905 gestuerwen ass an um Nikloskierfecht begruewe gouf.[4] De Paul Noesen huet d'Bedeitung vum Spillmann mat dësem Saz ëmschriwwen: P. Spillmann ist sicherlich der meistgelesene Jugendschriftsteller, der in Luxemburger Erde ruht.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonymus: Kleine Rundschau. In: Die Warte, 3. Jg., Nr. 8/68, 21. Februar 1950, S. 3 (Beilage zum "Luxemburger Wort", Nr. 53, 22. Februar 1950). [1]
- Catholic Encyclopedia (1913): Joseph Spillmann. [2][5]
- DBE (Deutsche Biographische Enzyklopädie), Bd. 9, DTV 2001, S. 406-407.
- P. Noesen: Geschichte der Luxemburger Jugenditeratur. In: Die Warte, 2. Jg., Nr. 25/39, 28. Juni 1949, S. 3 (Beilage zum "Luxemburger Wort", Nr. 179, 28. Juni 1949). [3]
- P. Noesen: Geschichte der Luxemburger Jugendliteratur. Luxemburg: Verl. der L.K.A., 1951, Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei, 101 S
- Spedener, G.: Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher 1937, 106 S. (cf. S. 86).[6]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ DBE 2001.
- ↑ Spedener 1937, Noesen 1949, DBE 2001 an aner Wierker ginn den 23. Februar, d'Catholic Encyclopedia awer den 20. Februar als Doudesdag un.
- ↑ bibnet.lu
- ↑ Noesen 1949, Anonymus 1950.
- ↑ Falsche Stierfdatum (20.02.1905 amplaz 23.02.1905).
- ↑ De Spedener gëtt iertemlecherweis als Gebuertsuert Exaeten an Holland un.