Otto Braunsberger
Den Otto Braunsberger, gebuer den 21. Februar 1850 zu Füssen am Allgäu a gestuerwen de 27. Mäerz 1926 zu Exaten an Holland, war e Jesuitt an Historiker.
Hien ass 1878 an de Jesuittenuerden agetrueden. Als Historiker huet de Braunsberger sech virun allem mam Petrus Canisius (1521-1597) beschäftegt. Vun 1899 bis 1911 huet hien am Schrëftstellerheem vun den däitsche Jesuitten um Lampertsbierg gelieft.[1]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Begheyn, P., 2000. The editions of the letters of Saint Peter Canisius by Otto Braunsberger SJ and the vicissitudes of the ninth volume. In: R. Bendt (Hg.): Petrus Canisius S.J. (1521-1597), Humanist und Europäer. Berlin, Akad. Verl., S. 303-312. [1]
- DBE, 2001. Braunsberger, Otto. In: Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 2. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, S. 90.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Begheyn 2000, S. 306.