Mass (Zeremonie)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Eucharistie)
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Mass ass eng Liturgie, d. h. eng gottesdéngschtlech Feier vun der réimesch-kathoulescher Kierch. Si gëtt an der Theologie zugläich als "Moolzechtfeier" wéi och als "Affer" gesinn. Mol gëtt méi deen een Aspekt, mol méi deen aneren ënnerstrach. D'Eucharistie ass eng "Moolzechtfeier" an deem Sënn, datt et eng Erënnerung un déi lescht Owesmoolzecht vum Jesus mat senge Jünger op Gréngen Donneschdeg ass, déi hie gläichzäiteg present mécht: Do wou Leit sech a sengem Numm versammelen, ass hie matzen ënner hinnen. D'Massfeier ass en "Affer" an deem Sënn, datt et eng Vergéigewäertegung vum Affer vu Christus deemools duerstellt.

Opbau vun der Mass[änneren | Quelltext änneren]

Erëffnung[änneren | Quelltext änneren]

  • Anzuch vun den Zelebranten a Ministranten (Massendénger), wärend dem Gesank vum Agankslidd (Introitus)
  • Kräizzeechen, Begréissung an Aleedung
  • Scholdbekenntnes a Gesank vum Kyrie (O)
  • Gloria (O)
  • Dagesgebiet

Wuertgottesdéngscht[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. Liesung
  • Psalm
  • 2. Liesung
  • Sequenz††
  • Alleluja
  • Evangelium
  • Priedegt
  • Glawensbekenntnis (O)
  • Fürbitten

Eucharistiefeier[änneren | Quelltext änneren]

Ofschloss[änneren | Quelltext änneren]

  • Seegen
  • Aussendung
  • Auszuch

(O) dës Deeler gehéieren zum Ordinarium Missae, d. h. et handelt sech ëm Texter, déi an all Mass déi selwecht sinn, all déi aner Texter variéiere jee nom Dag vum Kierchejoer, déi gehéieren zum Proprium Missae.

déi Deeler si just op Sonndeger a Festdeeg an der Mass; de Gloria entfält awer wärend dem Advent an der Faaschtenzäit.

††Sequenze gëtt et der (nach) 5: jee eng fir Ouschteren, Päischten, Erläichendag, Doudemassen an Notre Dame des Douleurs (15. September).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liturgy – Biller, Videoen oder Audiodateien