Journal historique et littéraire
Typ | Zäitschrëft |
---|---|
Periodizitéit | 2 Woch |
Sprooch | Franséisch |
Éischt Ausgab | Juli 1773 |
Grënner | François-Xavier de Feller |
Lescht Ausgab | Juli 1794 |
Land | Lëtzebuerg |
Chefredakter | François-Xavier de Feller |
Journal historique et littéraire war den Titel vun enger Zäitschrëft, déi vum August 1793 un zu Lëtzebuerg bei den Ierwe vum Buchdrécker André Chevalier (seng Duechter Anna a säin Eedem François Perle) erauskoum. Si war d'direkt Nofollgerin vun der Clef du cabinet des princes de l'Europe.
Redakter war de Jesuitt François-Xavier de Feller (1735-1802). Hien huet e fanatescht Kampfblat géint d'Opklärung, d'Philosophen an Encylopédisten, géint déi reliéis Reforme vum Jousef II. an d'Franséisch Revolutioun draus gemaach[1]. Vum Juli 1774 u koum d'Zeitung all 14 Deeg eraus. Ma den de Feller krut ëmmer méi Schwieregkeete gemaach, a vum 15. Februar 1788 u stoung op der Zeitung, si kéim "A Maestricht, chez François Cavelier" eraus a géif "à Liège, chez J.F. Bassompierre" verkaf.
Den 1. Juli 1794, wéi déi franséisch Revolutiounstruppe an d'Éisträichesch Nidderlanden amarschéiert sinn, koum déi lescht Nummer eraus.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hilgert, Romain, 2004. Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Luxembourg. (Als Pdf an 2 Sprooche fir erofzelueden) (fr)(de)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell wou net anescht uginn: Romain Hilgert: "Den André Chevalier." um fréiere Site luxemburgensia.lu (net méi online; nozeliesen op web.archive.org).