Op den Inhalt sprangen

Luc Feller

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Luc Feller
Gebuer 5. August 1974
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Luc Marie Norbert Feller[1], gebuer de 5. August 1974 zu Lëtzebuerg[2], ass e lëtzebuergesche Jurist[3] an CSV-Politiker. Hien ass zanter dem 8. Dezember 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer[4].

De Luc Feller war zënter … Éischte Regierungsrot am Staatsministère bis en den 28. Oktober 2016 Haut-Commissaire à la protection nationale genannt gouf[5]. An där Funktioun war hien och zënter 2019 – als Vertrieder vum Staat – Member am nationale Sécherheetskommitee vun der ziviller Loftfaart[6][7] a vun 2021 un och Member am Conseil supérieur de la sécurité civile[8].

An de Koalitiounsverhandlungen no de Chamberwalen 2023 war de Luc Feller Assistent vum Formateur Luc Frieden.

De 15. Januar 2024 huet hie seng Plaz als Haut-Commissaire opginn an ass als Éischte Regierungsrot an de Finanzministère bei de Gilles Roth gewiesselt[9][10].

Den 13. Mäerz 2024 gouf hien als Conseiller vum Staatsrot ernannt, wou hien de Laurent Zeimet ersat huet[11].

Politesch Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengewalen 2005, 2011 an 2017 ass de Luc Feller zu Mamer an de Gemengerot gewielt ginn[12][13][14]. Den 22. Januar 2021 ass hien als Schäffe vereedegt ginn[15]. Bei de Walen 2023 ass hien erëmgewielt ginn[16] a koum direkt an de Schäfferot.

Am November 2023 ass de Luc Feller Buergermeeschter ginn, als Nofollger vum Gilles Roth, dee Finanzminister an der Regierung Frieden-Bettel gouf.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (fr) Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations. data.legilux.public.lu (25.05.2023). Gekuckt den 23.02.2024.
  2. (fr) Membres depuis 1857. conseil-etat.public.lu (16.09.2024). Gekuckt den 08.10.2024.
  3. (lb) RTL-Informatiounen: Luc Feller als Successeur vum Laurent Zeimet am Staatsrot. www.rtl.lu. Gekuckt den 23.02.2024.
  4. (fr) Assermentation des bourgmestres et d'échevins des communes de Mamer et de Schieren. maint.gouvernement.lu (12.08.2023). Gekuckt den 23.02.2024.
  5. (fr) Haut-Commissariat à la Protection nationale - Nomination. data.legilux.public.lu (28.10.2016). Gekuckt den 23.02.2024.
  6. (fr) Arrêté ministériel du 8 novembre 2023 portant nomination des membres du comité national de sûreté de l’aviation civile. data.legilux.public.lu (08.11.2023). Gekuckt den 23.02.2024.
  7. (fr) Arrêté ministériel du 29 avril 2019 portant nomination des membres du comité national de sûreté de l’aviation civile. data.legilux.public.lu (29.04.2019). Gekuckt den 23.02.2024.
  8. (fr) Arrêté ministériel du 10 mars 2021 portant nomination des membres du Conseil supérieur de la sécurité civile. data.legilux.public.lu (10.03.2021). Gekuckt den 23.02.2024.
  9. (lb) Wiessel an de Finanzministère: De Luc Feller verléisst säin ale Posten. www.rtl.lu. Gekuckt den 23.02.2024.
  10. (fr) Administration Gouvernementale - Nomination. data.legilux.public.lu (18.12.2023). Gekuckt den 23.02.2024.
  11. (fr) Membres depuis 1857. conseil-etat.public.lu (09.10.2024). Gekuckt den 11.10.2024.
  12. (fr) Commune Mamer. elections.public.lu. Gekuckt den 23.02.2024.
  13. (fr) Commune Mamer. elections.public.lu. Gekuckt den 23.02.2024.
  14. (fr) Mamer. elections.public.lu. Gekuckt den 23.02.2024.
  15. (lb) Inneministère: Vereedegung vun neie Schäffen a Buergermeeschter. www.rtl.lu. Gekuckt den 23.02.2024.
  16. (lb) Mamer: CSV, LSAP an DP gewannen, déi Gréng verléieren. www.rtl.lu. Gekuckt den 23.02.2024.