Cello Octet Luxembourg

Vu Wikipedia
Cello Octet Luxembourg
Grënnung: 2018
Website: cellooctet.lu

Den Cello Octet Luxembourg ass e lëtzebuergeschen Ensembel vun aacht Cellisten. Den Octet gouf am Summer 2018 gegrënnt. Déi aacht Celliste kenne sech schonn zanter Joren, si hunn an de Conservatoirë vu Lëtzebuerg studéiert, sech reegelméisseg op Masterclasse begéint an all Cello am Haaptfach studéiert.

Déi aacht Celliste sinn: Nora Braun, Tom Feltgen, Pierre Fontenelle, Beatriz Jiménez, Benjamin Kruithof, Caroline Mirkes, Anik Schwall an Yves Tordy.

Hiren éischten ëffentleche Concert hu si den 11. November 2018 zu Rëmerschen an der Fondation Valentiny gespillt. Bei deem Concert gouf de Benjamin Kruithof vun der Suzanne van Duuren ersat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]