Yuriko Backes

Vu Wikipedia
Yuriko Backes
Yuriko Backes 09-2022.jpg
Gebuer 22. Dezember 1970
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun London School of Economics,
Collège d'Europe,
SOAS University of London
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Fonctionnaire
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Yuriko Backes, gebuer den 22. Dezember 1970 zu Kobe a Japan, ass eng lëtzebuergesch Diplomatin a Politikerin (DP). Si ass zanter dem 5. Januar 2022 Budgets- a Finanzministesch an der Regierung Bettel-Lenert-Bausch[1],[2].

Carrière[1][änneren | Quelltext änneren]

D'Yuriko Backes huet vun 1989 bis 1992 op der London School of Economics and Political Science studéiert a war duerno, vun 1993 bis 1994 um College of Europe, wou si e Master an European Studies gemaach huet

Si huet fir d'Lëtzebuerger Representatiounen zu New York a Bréissel geschafft a war vun 2006 bis 2008 Chef de mission adjoint an der lëtzebuergescher Ambassade zu Tokio.

Tëschent 2008 an 2010 war si bäigeuerdent Direktesch am Ressort fir den internationalen Handel am Ausseministère. Vun 2010 bis 2016 war si diplomatesch Conseillère vun de Staatsministere Jean-Claude Juncker a Xavier Bettel.

Vum 1. Mäerz 2016 bis Enn Mee 2020 war si Chef vun der Maison de l'Europe an huet d'Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg geleet.

Den 29. Abrëll 2020 gouf si zur Haffmarschallin ernannt an huet hiren Déngscht, als Nofollgerin vum Lucien Weiler den 1. Juni 2020 ugetrueden[3]. Si gouf den 9. Oktober 2020 an där Fonctioun vereedegt[4],[5].

Den 3. Dezember 2021 gouf se vum Comité directeur vun der DP virgeschloe fir als Nofollgerin vum Pierre Gramegna am Januar 2022 nei Budgets- a Finanzministesch ze ginn[6],[7],[8]. Si huet hiert Ministeschamt de 5. Januar 2022 ugetrueden.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 CV Yuriko Backes op gouvernement.lu; gekuckt 2022-01-05.
  2. "Das ist Yuriko Backes." wort.lu, 03.12.2021,
  3. Großherzog ernennt Yuriko Backes zur Hofmarschallin op wort.lu, gelies den 29.4.2020
  4. Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu (09.10.2020). Gekuckt de(n) 09.10.2010.
  5. Yuriko Backes als nei Maréchale vereedegt. www.rtl.lu (09.10.2020). Gekuckt de(n) 09.10.2020.
  6. Communiqué de presse | Demokratesch Partei. www.dp.lu (30.11.2021). Gekuckt de(n) 03.12.2021.
  7. D'Yuriko Backes gëtt déi éischt Lëtzebuerger Finanzministesch | Demokratesch Partei. www.dp.lu (03.12.2021). Gekuckt de(n) 03.12.2021.
  8. Regierungsëmbildung bei der DP: D'Yuriko Backes gëtt nei Finanzministesch. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-03.