Diskussioun:Yuriko Backes

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, Ass et Tokio oder Tokyo an eiser Sprooch? A sinn déi zwou éischt Zeile vun dëser Säit Wikipedia-gerecht? << D'Mme Backes ass nach bis... a soll dono... >> => ass dat nez zevill prospektivesch? Ech hu gemengt, eng Enzyklopedie géif nëmmen dat zréckbehale, wat schonn ASS an neutral ka presentéiert ginn... Wann ech enzwousch geschriwwen hunn, datt den XY momentan un enger Thees géif schaffe, krut ech dat gestrach, well dat jo nach keng Realitéit wier. Deemno: deux poids, deux mesures! Ech wënschen der lb.wiki-Zensur-Kommissioun ee schéinen Dag! C.

Moien och,
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire huet déi zwou Variante fir Tokio/Tokyo, mat Preferenz fir Tokyo.
Fir de Rescht ginn ech der Recht. Perséinlech hunn ech och eppes géint déi zevill aktiv journalistesch a prospektivesch Aproche vun der Wikipedia. Wann een och behaapte kéint datt déi Saachen zimmlech feststinn, da misst wéinstens de Saz och sou gedréint sinn, datt net vir am Saz eng steiffest Behaaptung steet, an hannen drun eng Formulation de gleewen deet datt et net sécher ass. --Les Meloures (Diskussioun) 09:52, 4. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
Moien C., mam Virsichteg-sinn, wat den Avenir betrëfft, deen an der Zukunft läit, hues de natierlech Recht. Ënnen am Text ass dat méi genee an de Kontext gesat. Ech hunn den Aféierungssaz awer och méi 'faktuell' gemaach. Am heite Fall ass d'Warscheinlechkeet jo dach grouss, datt dat wäert antrieden. Well d'Säit gëschter vun iwwer 1800 Leit besicht gouf, kann een déi Selektioun/Nominéierung, oder wéie een et wëll nennen, net net ernimmen. Bescht Gréiss un d'Paranoikerfraktioun, --Zinneke (Diskussioun) 10:26, 4. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]