Place de Paris (Stad Lëtzebuerg)
Aweiung vun der „neier“ Paräisser Plaz am Juni 2021 | |
Offiziellen Numm | Place de Paris |
---|---|
Lëtzeb. Numm | Paräisser Plaz |
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Garer Quartier |
Koordinaten | 49°36'12,8902"N, 6°7'52,7498"O |
Morphologie | |
Héicht i. M. | 290 m |
Geschicht | |
Genannt | 5. Dezember 1907 |
Genannt no | Paräis |
D'Paräisser Plaz (offiziell Place de Paris) ass eng Plaz am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg; se besteet am Fong aus zwéin Deeler, westlech an ëstlech vun der Neier Avenue.
Als Adresse „Place de Paris“ zielt nëmmen den Deel vun der Strooss dee vun der Rue du Fort Elisabeth a westlecher Richtung bis bei d'Antwerpener Strooss laanscht d'Plaz verleeft. D'Haiser tëscht der Duchscher-Strooss an der Neier Avenue gehéieren zur Antwerpener Strooss iwwerdeems déi op der ëstlecher Säit, tëscht der Bourbon-Strooss an der Origer-Strooss zur Rue du Fort Elisabeth gehéieren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Plaz gouf nom Bau vun der Neier Bréck vum Staat op dem Gebitt vun de fréiere Festungsanlage gebaut. De Stater Gemengerot huet der Plaz de 5. Dezember 1907 hiren Numm ginn[1]. Virdru gouf se Place de l'Éventail genannt[2].
D'Plaz huet bis 1920 d'Grenz tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Hollerech gemaach. Fir Wueren déi an d'Stad erabruecht goufen, huet missen eng Steier bezuelt ginn. Gemengepersonal huet de sougenannten Octroi an engem Pavillon („Octroishaischen“) akasséiert. Nodeems keen Octroi méi opgehuewe gouf, war uganks den 1930er Joren e Büro fir Touristeninformatiounen am Pavillon[3].
Déi „nei“ Paräisser Plaz
[änneren | Quelltext änneren]Wéi den Tram bis op d'Gare gebaut gouf, ass och d'Paräisser Plaz am Kader vun enger Biergerbedeelegung vu Luxtram, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, nei amenagéiert ginn. Et gouf en oppenen a geraimegen ëffentleche Beräich geschaaft, wou Mäert, Fester asw. organiséiert kënne ginn. Déi „nei“ Paräisser Plaz, op där och 18 nei Platane geplanzt goufen, ass de 26. Juni 2021 ageweit ginn[4].
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- Den Hôtel de Paris, gebaut 1909-1912 (Architekten: Joseph Nouveau a Léon Muller); zënter dem 6. Juli 1978 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[5]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]D'Plaz haut
[änneren | Quelltext änneren]-
Den Deel am Westen, mat Vue op d'Zitha-Strooss…
-
d'Nei Avenue mat den Tramsgleiser an der Mëtt…
-
…an den ëstlechen Deel.
D'Plaz fréier
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Paräisser Plaz nom Bombardement vum 5. Juni 1917
-
De fréieren Hotel de Paris
-
De roude Buer op der ëstlecher Säit vun der Plaz
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Place de Paris (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Place de Paris. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 2021-06-26.
- ↑ Place de Paris. ons stad 34/1990 S. 26. Gekuckt de(n) 2021-06-26.
- ↑ jls, 2013, Der Pariser Platz, Télécran 48/2013, S. 134
- ↑ Inauguration de la place de Paris nouvellement aménagée | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-26.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).