Centre hospitalier du Nord

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nordspidol)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Centre hospitalier du Nord

D'Spidol zu Wolz
Basisdonnéeën
Address: Ettelbréck:
120, avenue Salentiny
L-9080 Ettelbréck
Wolz:
10, rue Grande-Duchesse Charlotte
L-9515 Wolz
Typ: Ëffentlech
Grënnungsjoer: 1. Januar 2010[1]
Better: 357 (201?)[2]
Mataarbechter: + 1.000 (201?)[2]
dovun Doktoren: 134 (201?)[2]
Websäit: www.chdn.lu

De Centre hospitalier du Nord (kuerz: CHdN) ass e Spidol am Norde vu Lëtzebuerg. Et ass 2010 duerch d'Fusioun vun der Clinique Saint-Joseph zu Wolz an dem Hôpital Saint-Louis zu Ettelbréck entstanen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht vum Wolzer Spidol[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Spidol zu Wolz ass 1596 gegrënnt ginn. 1937 ass no véier Joer Bauzäit d'Clinique Saint-Joseph op der Plaz vum aktuelle Spidol opgaangen. Si hat deemools 62 Better. An den 1970er gouf se neigebaut an huet 1977 mat 106 Better hir Dieren opgemaach .[1]

Geschicht vum Ettelbrécker Spidol[änneren | Quelltext änneren]

1855 ass an eidele Raim vun der Ettelbrécker Kasär e Fleegeheem entstanen.[3]

Fusioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 20. Abrëll 2009 gouf an der Chamber e Gesetz gestëmmt, deem säin Zil d'Zesummeféiere vum Wëlzer an dem Ettelbrécker Spidol war.[2] Tëscht 2011 an 2015 sinn d'Gebaier zu Wolz fir bal 25 Milliounen Euro renovéiert a moderniséiert ginn.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Geschichte des CHdN Wiltz op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Geschichte Centre Hospitalier du Nord op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
  3. Geschichte des CHdN Ettelbruck op der Websäit vum Spidol (gekuckt den 10. Mee 2015)
  4. Le Quotidien: Wiltz – Le centre hospitalier du Nord modernisé (8. Mee 2015)