Ausnamezoustand

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) État de crise)
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel oder Abschnitt stellt haaptsächlech eng Beschreiwung vun der Situatioun zu Lëtzebuerg duer.
Hëlleft wgl. mat d'Situatioun an anere Länner ze beschreiwen

Den Ausnamzoustand, offiziell état de crise ass en aussergewéinleche Rechtszoustand mat deem d'Exekutiv (d'Regierung an de Groussherzog) ausnamsweis an temporär d'Muecht vun der Legislativ (d'Parlament, also d'Chamber) iwwerhëlt. Den Ausnamzoustand ass am Artikel 32 (4) vun der Lëtzebuerger Constitutioun virgesinn.

Prinzip[änneren | Quelltext änneren]

An Zäite vun enger internationaler Kris, enger realer Liewensbedroung fir en Deel oder fir déi ganz Bevëlkerung oder wéinst enger akuter Gefor duerch en Ugrëff op d'ëffentleche Sécherheet, kann den Ausnamzoustand ausgeruff gi well déi normal legislativ Prozedur ze schwéierfälleg ass an net mat der néideger Vitess an Effizienz reagéiere kann.

An deem Fall kann d'Regierung zesumme mam Grand-Duc fir all Situatioune Reglementer huelen, ënnert der Konditioun, datt d'Urgence festgestallt gouf, doduerch datt et der Chamber net méiglech ass an den normalen Delaien ze legiferéieren.

Dës Reglementer kënne bestoend Gesetzer ausser Kraaft setzen, se mussen awer néideg, adequat an am Verhältnes zu den Ziler sinn déi erreecht solle ginn. Se däerfen net géint d'Verfassung oder international Verträg verstoussen.

Den Ausnamzoustand kann net méi laang wéi zéng Deeg daueren, ausser e gëtt duerch e Vott vun der Chamber mat enger zwee Drëttel Majoritéit confirméiert; en ass awer op dräi Méint limitéiert.

All d'Reglementer déi opgrond vum Ausnamzoustand geholl goufen, sinn obsolet, soubal den Ausnamzoustand opgehuewe gouf. Wärend dem Ausnamzoustand kann d'Chamber net opgeléist ginn.

Ausnamzoustand zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Beispiller wou et der Exekutiv erlaabt war, Reglementer ze huelen, entgéint der normaler legislativer Prozedur:

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 15 mars 1915 conférant au Gouvernement les pouvoirs nécessaires aux fins de sauvegarder les intérêts économiques du pays durant la guerre Memorial A23/1915, op legilux.lu
  2. Loi du 10 mai 1935 fixant la compétence du pouvoir exécutif en matière économique Memorial A 32/1935, op legilux.lu
  3. Loi du 27 décembre 1937 concernant l'extension de la compétence du pouvoir exécutif Memorial A 86/1937, op legilux.lu
  4. Loi du 28 septembre 1938, portant extension de la compétence du pouvoir exécutif Memorial A65/1938, op legilux.lu
  5. Loi du 29 août 1939, portant extension de la compétence du pouvoir exécutif Memorial A58/1939, op legilux.lu
  6. Loi du 24 décembre 1946 portant habilitation pour le Gouvernement de réglementer certaines matières Memorial A56/1946, op legilux.lu
  7. Loi du 28 juin 1977 portant habilitation pour le grand-Duc de réglementer certaines matières Memorial A 35/1977, op legilux.lu
  8. Règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19. am Memorial A165/2020, op legilux.lu
  9. Règlement grand-ducal du 20 mars 2020 portant modification du règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d'une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19 Memorial A174/2020, op legilux.lu