Zéng
| 10 | |
|---|---|
| Zéng | |
|
| |
| positiv ganz Zuel, Dräieckszuel, defizient Zuel, zesummegesat Zuel, gerued Zuel, zentréiert Dräieckszuel, Harshad-Zuel | |
| Virgänger | Néng |
| Nofollger | Eelef |
| Ordinalzuel | zéngt |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 2, 5 |
| Deeler | 1, 2, 5, 10 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 2 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | X |
| Binär | 1010 |
| Oktal | 12 |
| Duodezimal | A |
| Hexadezimal | A |
|
| |
Déi natierlech Zuel Zéng (10) ass d'Nofollgerin vun der Néng an d'Virgängerin vun der Eelef. Et ass eng zesummegesat gerued Zuel an s'ass d'Basis vum Dezimalsystem.
Mathematik
[änneren | Quelltext änneren]Dat réimescht Zeeche fir d'Zéng ass X.
D'Zéng ass déi fënneft Dräieckszuel no der Sechs a virun der Fofzéng.
E Polygon mat zéng Säiten ass en Dekagon, eng Zesummesetzung vun zéng Saachen (meeschtens Joren) ass eng Dekad an den Zéngkampf gëtt och nach Dekathlon (oder Decathlon) genannt.
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]
Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Zéng d'Uerdnungszuel vum Neon. Déi 10. Grupp vum Periodesystem (och nach Néckelgrupp genannt), ass déi 10. Grupp (Kolonn) vum Periodesystem vun den Elementer.
De Begrëff Dekan beschreift eng Moleküll, déi aus zéng Kuelestoffatomer besteet.
De Messier 10 (och als NGC 6254 bezeechent) ass en hellen oppene Stärekoup am Stärebild Schlaangendréier.
Den NGC 10 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Sculptor. Am Joer 2011 gouf an dëser Galaxie eng Supernova observéiert.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]
Den Zéngt oder Zéngten (Kierchenzéngten, la: decenia, fr: dîme, en: tithe) war eng zéngprozenteg traditionell Steier un eng reliéis (z. B. Tempel, Kierch) souwéi weltlech (Kinnek, Grondhär) Institutioun. Déi Steier war schonn am Altertum a verschiddene Kulture bekannt, a war iwwer d'Mëttelalter an d'Neizäit am Gebrauch.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Zéng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
