Sechs
| 6 | |
|---|---|
| Sechs | |
|
| |
| positiv ganz Zuel, Dräieckszuel, zesummegesat Zuel, gerued Zuel, zentréiert Pentachoronzuel, Rechteckzuel, Harshad-Zuel | |
| Virgänger | Fënnef |
| Nofollger | Siwen |
| Ordinalzuel | sechst |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 2, 3 |
| Deeler | 1, 2, 3, 6 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 1 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | VI |
| Binär | 110 |
| Oktal | 6 |
| Duodezimal | 6 |
| Hexadezimal | 6 |
|
| |
Déi natierlech Zuel Sechs (6) ass d'Nofollgerin vun der Fënnef an d'Virgängerin vun der Siwen.
Mathematik
[änneren | Quelltext änneren]Dat réimescht Zeeche fir d'Sechs ass VI.
Et ass déi klengst zesummegesat Zuel mat zwéi verschiddene Primfacteuren an déi véiert Dräieckszuel. Et ass eng gerued Zuel.
Geometrie
[änneren | Quelltext änneren]
De Wierfel, och Hexaeder (aus dem Griicheschen) oder Kubus (aus dem Laténgeschen), ass ee vu fënnef platonesche Kierper an huet sechs déi selwecht Flächen. En Tetraeder huet 6 Kanten an en Oktaeder 6 Ecker.

E Sechseck oder Hexagon (vum griich. héxa, „sechs“ a γονία, gonía, „Wénkel; Eck“) ass e Villeck (Polygon), deen aus sechs Ecken a sechs Säite besteet.
Vill Kristaller bilden hexagonal (sechseckeg) Strukturen, wéi natierlecht Äis, a Schnéiflacken hu sechs Spëtzen. An der Natur fënnt een déi hexagonal Form an de Wänn vun Hunnegwaben.
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]Chimie
[änneren | Quelltext änneren]Déi 6. Grupp vum Periodesystem (och nach Chromgrupp genannt), ass déi 6. Grupp (Kolonn) vum Periodesystem vun den Elementer.
Am Periodesystem an der Chimie ass d'Sechs d'Uerdnungszuel vum Kuelestoff.
Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]De Messier 6 (och als NGC 6405 bezeechent) ass en hellen oppene Stärekoup am Stärebild Scorpius
De Wantersechseck ass eng Konstellatioun vun helle Stären um nërdleche Wanterhimmel. Et ass kee Stärebild am Sënn vun der IAU, mä et ëmfaasst e puer Stärebiller mateneen.
Konscht
[änneren | Quelltext änneren]E Museksensembel mat sechs Instrumenter oder sechs Persounen ass e Sextett. An der Instrumentalmusek gi Sextetter haaptsächlech duerch Kompositioune fir sechs Sträichinstrumenter vertrueden. Bekannt Sträichsextette stame vu Komponiste wéi Brahms, Dvořák, Reger, Tschaikowsky, Martinů a Schönberg.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]Der Krich vu Sechs Deeg war e Krich tëscht Israel a sengen arabeschen Nopeschstaaten Egypten, Jordanien a Syrien, dee vum 5. bis den 10. Juni 1967 gedauert huet.
D'Nationalstrooss 6 oder N6, och nach Areler Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss. Si féiert vun der Stad Lëtzebuerg op déi belsch Grenz.
Eng Quantitéit vu sechs gläichaartege Saache gëtt „eng hallef Dosen“ genannt (eng hallef Dosen Eeër, eng hallef Dose Mëtschen).
De Buschtaf F, respektiv f, ass de sechste Buschtaf am laténgeschen Alphabet.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sechs – Biller, Videoen oder Audiodateien |
