Siwen
| 7 | |
|---|---|
| Siwen | |
|
| |
| Primzuel, Mersenne-Primzuel, positiv ganz Zuel, ongerued Zuel, Mersenne-Zuel, Harshad-Zuel | |
| Virgänger | Sechs |
| Nofollger | Aacht |
| Ordinalzuel | siwent |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 7 |
| Deeler | 1, 7 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 1 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | VII |
| Binär | 111 |
| Oktal | 7 |
| Duodezimal | 7 |
| Hexadezimal | 7 |
|
| |
Déi natierlech Zuel Siwen (7) ass d'Nofollgerin vun der Sechs an d'Virgängerin vun der Aacht. Et ass eng ongerued Primzuel.
Dat réimescht Zeeche fir d'Siwen ass VII.
„Pak deng siwe Saachen“ ass en Ausdrock fir ze soen, datt een alles zesummepake soll.
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Siwen d'Uerdnungszuel vum Stéckstoff. Déi 7. Period (Zeil) vum Periodesystem vun den Elementer a begräift déi 32 cheemesch Elementer.
Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]
An der anticker Astronomie goufe siwen „Wandelstären“ als hell Luuchten um Firmament erkannt, déi net einfach mat der gläichméisseger Rotatioun vum Himmelsbou matgaange sinn. An der Reiefolleg vun der zouhuelender Ëmlafzäit waren dat: Mound, Merkur, Venus, Sonn, Mars, Jupiter a Saturn. Déi siwe Wochendeeg goufen ursprénglech no dëse Siwe genannt.
De Messier 7 (M7) (och NGC 6475) ass en oppene Stärekoup am Stärebild Scorpius. Den NGC 7 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Sculptor.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]An der Geographie gëtt d'Zuel siwe benotzt fir déi siwe Kontinenter vun der Äerd ze bezeechnen: Nordamerika, Südamerika, Afrika, Europa, Asien, Australien an d'Antarktika. Zousätzlech gëtt et déi siwe Mierer, déi traditionell d'Ozeaner vun der Äerd trennen.
D'Siwe Sommeten (Englesch: Seven Summits) sinn déi jeeweils héchst Bierger op all de siwe Kontinenter. Ofhängeg vun der Definitioun vun de Grenze vun Europa an Australie mam asiatesche Kontinent falen ënnerschiddlech Bierger an dës Definitioun; domat gëtt et op d'mannst néng Sommeten déi a Fro kommen.
D'Siwe Schwëstere si siwen Héichhaiser zu Moskau, déi am Optrag vum Stalin am Zockerbäckerstil gebaut goufen.
D'Vereenegt Arabesch Emirater sinn eng Federatioun vu siwen autonomen Emirater.
D'Nationalstrooss 7 oder N7, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg, Miersch, Dikrech a Klierf. Se leeft vun der Stad bis op d'Schmëdd an ass mat 76 km déi zweetlängst Nationalstrooss am Land[1].
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]
D'Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen, och bekannt als Vereenegt Nidderlanden (nl: Republiek der Zeven Verenigde Provinciën oder Verenigde Nederlanden), huet tëscht 1581 a 1795 bestanen.
D'Pleiaden waren an der griichescher Mythologie déi siwen Duechtere vum Atlas an der Okeanid Pleione.
D'Stonnegebiet ass eng chrëschtlech Liturgie, déi siwemol am Dag stattfënnt (nom Psalm 119 "Siwemol am Dag sangen ech Däi Luef") a wärend där haaptsächlech Psalme gebiet ginn.
District 7 ass eng lëtzebuergesch Rockband. Schëppe Siwen ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi keltesche Folk-Rock op Lëtzebuergesch spillt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Siwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ (lb) Rankingen op RTL.lu: Déi längsten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg sinn?. www.rtl.lu. Gekuckt den 31.01.2021.
