Op den Inhalt sprangen

Aacht

Vu Wikipedia
8
Aacht
positiv ganz Zuel, Leyland-Zuel, zesummegesat Zuel, gerued Zuel, Kubus, Aachteckzuel, Potenz vun Zwee, Fibonacci-Zuel, Harshad-Zuel
Virgänger Siwen
Nofollger Néng
Ordinalzuel aacht
Eegenschaften
Primfacteur(en) 2
Deeler 1, 2, 4, 8
Zuel vun Dezimalzifferen 1
Aner Duerstellungen
Réimesch VIII
Binär 1000
Oktal 10
Duodezimal 8
Hexadezimal 8

Déi natierlech Zuel Aacht (8) ass d'Nofollgerin vun der Siwen an d'Virgängerin vun der Néng. Et ass eng gerued Zuel.

De laténgeschen Ausdrock octo mat der Uerdnungszuel octavus (den aachten) fënnt een an auslännesche Wierder wéi Oktett (Museksensembel), Oktober (ursprénglech den aachte Mount), Oktav (musikaleschen Intervall oder liturgesch Feier wärend aacht Deeg, z. B. Muttergottesoktav), Oktant (Aachtelkrees), Oktalsystem (Aachtersystem) oder Oktaeder (Aacht Flächen).

Oktaeder

Dat griichescht Wuert fir aacht, ὀκτώ (októ), fënnt een an auslännesche Wierder wéi Octagon (Aachteck) oder Octopus (aacht Féiss).

Den Oktalsystem (vum laténgeschen octo "aacht"), och alt Aachtersystem genannt, ass e Stellewäertsystem mat der Basis 8. E besteet aus aacht verschidden Ziffere fir Zuelen duerzestellen.

D'Aacht ass déi éischt Leyland-Zuel, well ee se als schreiwe kann.

Dat réimescht Zeeche fir d'Aacht ass VIII.

Naturwëssenschaft

[änneren | Quelltext änneren]

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Aacht d'Uerdnungszuel vum Sauerstoff.

De Lagunenniwwel, och Messier 8 bezeechent, ass eng Struktur aus Emissiouns- a Reflexiounsniwwelen am Stärebild Sagittarius.

Den Dharmachakra (Rad vun der Léier) ass d'Symbol vun de Léier vum Buddha.[1] Déi aacht Speeche vum Rad weisen den Edlen aachtfache Pad un.

Den Nobelen aachtdeelege Pad gouf vum Buddha opgestallt a besteet aus enger Rei Uweisungen, déi als richteg Äntwert op d'Weltgesetz vu Nirvana a Samsara, dat jiddwerengem d'Konsequenze vu sengem Handele weist, ze verstoen sinn. Am Allgemengen hält deen, deen dëse Pad geet, sech vun Extremer ewech. Et ass virun allem e Mëttelwee tëscht Hedonismus an ruinéiser Askees.

D'Muttergottesoktav zu Lëtzebuerg, och nach einfach Oktav (vun "octo" = aacht, an der kathoulescher Liturgie eng Zelebratioun vun aacht Deeg) genannt, ass an der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg eng Period vun zwou Wochen, an där d'Maria als Tréischterin am Leed besonnesch veréiert gëtt.

Eng Aachtchen ass ee Kaffiskichelchen, deem säin Numm op de Glach mat der Ziffer Aacht zeréckgeet. Wann e Rad wënsch ass, dann huet et eng Aachtchen.

Den Numm Oktober kënnt aus dem laténgeschen octo (aacht), den Oktober war ursprénglech den aachte Mount am Réimesche Kalenner.

Aacht Deeg an der Woch ass den Numm vun engem Roman vum Jhemp Hoscheit. Den Titel bezitt sech op d'Lidd vun de Beatles, Eight Days a Week.

 Commons: Aacht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Klaus-Josef Notz: Herders Lexikon des Buddhismus. Hohe, Erftstadt 2007, S. 133.