Néng
| 9 | |
|---|---|
| Néng | |
|
| |
| positiv ganz Zuel, defizient Zuel, Quadratzuel, zesummegesat Zuel, ongerued Zuel, Harshad-Zuel | |
| Virgänger | Aacht |
| Nofollger | Zéng |
| Ordinalzuel | néngt |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 3 |
| Deeler | 1, 3, 9 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 1 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | IX |
| Binär | 1001 |
| Oktal | 11 |
| Duodezimal | 9 |
| Hexadezimal | 9 |
|
| |
Déi natierlech Zuel Néng (9) ass d'Nofollgerin vun der Aacht an d'Virgängerin vun der Zéng. Et ass eng ongerued Zuel an déi héchst eestelleg Zuel am Dezimalsystem.
Dat réimescht Zeeche fir d'Néng ass IX.
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Néng d'Uerdnungszuel vum Fluor. Déi 9. Grupp vum Periodesystem (och nach Kobaltgrupp genannt), ass déi 9. Grupp (Kolonn) vum Periodesystem vun den Elementer.
De Messier 9 (och als NGC 6333 bezeechent) ass en hellen oppene Stärekoup am Stärebild Schlaangendréier. Den NGC 9 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Pegasus. De Shoemaker-Levy 9 (kuerz och SL9) krut säin Numm, well et den néngte kuerzperiodesche Koméit war, dee vun der Carolyn an dem Eugene Shoemaker zesumme mam David H. Levy entdeckt gouf.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]D'Nationalstrooss 9 oder N9 war bis Enn 1995 eng lëtzebuergesch Nationalstrooss um Gebitt vun de Kantone Miersch an Dikrech[1].
Plan 9 from Outer Space ass en US-amerikanesche Science-Fictionfilm vum Ed Wood aus dem Joer 1957.
House of 9 ass e brittesch-rumänesch-franséisch-däitsche Spillfilm vum Regisseur Steven R. Monroe.[2],[3]. Néng Friemer goufe gekidnappt an an engem Haus isoléiert. Se mussen am Doudesspill matmaachen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Néng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de 06.04.2023.
- ↑ https://www.allmovie.com/movie/v335577
- ↑ https://www.dvdtalk.com/reviews/19980/house-of-9/
