Op den Inhalt sprangen

Park zu Boufer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Park zu Bouferdeng)
D'Bluttbuch am Park zu Boufer. Lénks d'Altersheem. Riets d'Pirateschëff, dat am Summer 2010 ewechgeholl gouf. (Mäerz 2008).
D'Schlässchen an déi bemierkenswäert Bluttbuch. (Mäerz 2008).

De Park zu Boufer läit tëscht der Strooss (E421 / N7), déi vu Lëtzebuerg op Miersch féiert an, zur Uelzecht hin, der Eisebunnslinn vun der Nordstreck.

De Park ass an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ugeluecht ginn, wéi d'Famill Pescatore-Dutreux do eng Villa (haut Schlässche genannt) am neo-klassizistesche Stil baue gelooss huet. De Park gouf duerno vum franséische Landschaftsarchitekt Édouard André (1840-1911) remaniéiert.[1] Déi al Beem am Park sinn also ëm déi 140 Joer al. Am Park gouf och e kënschtleche Weier ugeluecht.

Déi ganz Propriétéit gouf 1964 vum Lëtzebuerger Staat opkaaft, deen duerno am Park nieft dem Schlässchen en Altersheem (Centre intégré pour personnes âgées, CIPA) gebaut huet. Wärend der Chantierszäit gouf opgepasst, datt déi historesch Plantatiounen net beschiedegt goufen. All Bam dréit (2008) eng kleng metalle Plackett mat senger Identitéitsnummer.

2007 hunn d'Guiden a Scoute vu Luerenzweiler um Wues nieft der Bluttbuch e Pirateschëff aus Holz opgeriicht. D'Schëff gouf am Summer 2010 ewechgeholl.

De Park ass fir Foussgänger fräi zougänglech.

Bemierkenswäert Beem am Park

[änneren | Quelltext änneren]

Eng Rëtsch vun den ale Beem am Park stinn resp. stoungen op der Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg:

  • Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. Inventaire des essences arborescentes non indigènes de pleine terre présentes sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg. Ferrantia 53.
  • 2007 an 2008, fir d'Pirateschëff: Panneau um Schëff.
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf S. 80-81, Text a Fotoen).
Am Park.
De Weier am Park. D'Eisebunnslinn am Hannergrond.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Welter et al. 2008.