RTL Lëtzebuerg
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
RTL Lëtzebuerg | |
---|---|
Typ | S.A. |
Sëtz |
CLT-UFA S.A. RTL Group 43, boulevard Pierre Frieden, L-1543 Lëtzebuerg Lëtzebuerg |
Generaldirekter | Christophe Goossens |
() | |
() | |
Branche | Medien |
Homepage | http://www.rtl.lu/ |
RTL Lëtzebuerg (CLT-UFA) regroupéiert déi audiovisuell an digital Aktivitéite vun der Mark RTL zu Lëtzebuerg. Dozou gehéieren den Tëleessender RTL Télé Lëtzebuerg (deen eenzegen allgemengen Tëleessender a Lëtzebuerger Sprooch), den RTL Zwee (den zweeten Tëleesprogramm), de Radiosender RTL Radio Lëtzebuerg, d'Internetsiten RTL.lu, RTL Infos (den Informatiounssite op Franséisch), RTL Today (den Informatiounssite op Englesch), RTL Play, d'Streaming-Plattform mat alle Radio- an Tëleesemissiounen, Livestreams, Serien, exklusive Podcasts a Videoen. Dozou kommen och d'Webradioen : Today Radio (deen eenzegen englesche Radiosender ronderëm d'Auer zu Lëtzebuerg), RTL Gold (de Webradio mat Non-Stop-Hits aus de 50er, 60er, 70er an 80er Joren), RTL LX (de Webradio mat Musek aus Lëtzebuerg), RTL +Rock (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Rockmusek), RTL +80er (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Musek aus den 80er Joren) an RTL +90er (de Webradio mam üblechen Programm vun RTL, mat méi Musek aus den 90er).
RTL Lëtzebuerg (CLT-UFA) gehéiert zu der RTL Group, der gréisster europäescher Entreprise mat private Radiossenderen, Televisiounsprogrammer an digitalen Contenuen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- RTL Télé Lëtzebuerg am Livestream
- RTL Radio Lëtzebuerg am Livestream
- RTL.lu, d'Internetportal vun RTL Lëtzebuerg
- RTL Infos, d'franséischt Internetportal
- RTL Today, d'englescht Internetportal
- RTL Play, d'Streaming-Plattform mat alle Radio- an Tëleesemissiounen, Livestreams, Serien, exklusive Podcasts a Videoen