Offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun
D'Europäesch Unioun huet, zanter 2013, véieranzwanzeg offiziell Sproochen.
Dës, souwéi och hire Gebrauch vun den EU-Organer, sinn duerch dat alleréischt Europäescht Reeglement, d'Nr.1/1958 festgeluecht. Duerch verschidde Bäitrëtter huet sech d'Zuel vun am Ufank 4 op déi haiteg 24 vergréissert.
"Offiziell Sprooch" bedeit praktesch z. B., datt d'Europäesch Traitéen a Gesetzer an deene Sprooche publizéiert ginn, datt europäesch Deputéiert a Ministeren dës Sprooch am Europaparlament an op Ministeschconseille schwätze kënnen (an an hir Sprooch gedolmetscht kréien), an datt d'Bierger sech an enger vun deene Sproochen un d'EU-Institutioune wende kënnen an och eng Äntwert dodra kréien. Et sinn dat:
Datum | Sprooch | Code | Offiziell Sprooch an dësen EU-Memberstaaten | |
---|---|---|---|---|
eegenen Numm | op Lëtzebuergesch | |||
2007 | български (bălgarski) | Bulgaresch | bg | Bulgarien |
2004 | čeština | Tschechesch | cs | Tschechesch Republik |
1973 | dansk | Dänesch | da | Dänemark |
1958 | Deutsch | Däitsch | de | Däitschland, Éisträich, Belsch, Lëtzebuerg |
2004 | eesti | Estesch | et | Estland |
1981 | ελληνικά (elliniká) | Griichesch | el | Zypern, Griicheland |
1973 | English | Englesch | en | Irland, Malta (an d' Vereenegt Kinnekräich virum Brexit) |
1986 | español (castellano) | Spuenesch (Kastillianesch) | es | Spuenien |
1958 | français | Franséisch | fr | Belsch, Frankräich, Lëtzebuerg |
2007 | Gaeilge | Iresch | ga | Irland |
2013 | hrvatski | Kroatesch | hr | Kroatien |
1958 | italiano | Italieenesch | it | Italien |
2004 | latviešu | Lettesch | lv | Lettland |
2004 | lietuvių | Litauesch | lt | Litauen |
2004 | magyar | Ungaresch | hu | Ungarn |
2004 | malti | Malteesesch | mt | Malta |
1958 | Nederlands | Hollännesch | nl | Belsch, Holland |
2004 | polski | Polnesch | pl | Polen |
1986 | português | Portugisesch | pt | Portugal |
2007 | română | Rumänesch | ro | Rumänien |
2004 | slovenčina | Slowakesch | sk | Slowakei |
2004 | slovenščina | Sloweenesch | sl | Slowenien |
1995 | suomi | Finnesch | fi | Finnland |
1995 | svenska | Schweedesch | sv | Finnland, Schweden |
Dës 24 offiziell Sprooche vun der EU sinn net ze verwiessele mat den Amtssprooche vun den eenzelen EU-Länner. Sou ass Tierkesch z. B. eng offiziell Sprooch op Zypern, ma net an der EU.
A verschiddene Memberlänner hu Regional- oder Minoritéitesproochen zousäzlech e bestëmmte Status a kënne jee nodeem begrenzt gebraucht ginn. Och dës si keng Offiziell Sprooche vun der EU. Eng Ausnam sinn déi spuenesch Regionalsproochen (Katalounesch, Baskesch, Galizesch), déi Bierger an hirer Korrespondenz mat der EU kënne gebrauchen (woubäi dës duerch en Accord mam spuenesch Staat iwwersat gëtt, fir verstanen ze ginn).
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |