Träipen

Vu Wikipedia
Réi Träipen
Gebroden Träipen

Träipen ass déi lëtzebuergesch Variant vun der Bluttwurscht, déi gebrode gëtt.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Wat ass dran?[änneren | Quelltext änneren]

E wéineg Fleesch mat Fett vum Schwäin déi gemuel sinn. Da kënnt wäisse Kabes, reng gerappt, Miel a Schwéngsblutt derbäi. Typesch Gewierzer si Bounekräitchen a ganz wéineg Kimmel.

Träipen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Rezepter fir Träipe gëtt et sou vill wéi Bauerefamilljen, déi selwer geschluecht hunn. Dobäi gëtt et eng Fauschtreegel: 1/3 Fleesch mat Fett; 1/3 Geméis an 1/3 Schwéngsblutt. Gewierzer aus dem Land ginn éischter gebraucht wéi Kimmel an aner Exoten.

Träipe goufen traditionell an de Wanterméint giess. Dëst spigelt sech nach haut an der sougenannter Träipenzäit erëm, déi op Allerhellegen ufänkt a mam Buergbrennen ophält.

An der Zäit war et Brauch, no de Chrëschtmetten Träipen iessen ze goen. A verschiddenen Uertschaften am Land war et och Brauch, datt no de Metten an de Wiertschaften d'Stackclientèle no der Mass Träipe gratis zerwéiert krut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Träipen – Biller, Videoen oder Audiodateien