Jousefskierch um Lampertsbierg

Vu Wikipedia
Lampertsbierger Kierch

Uertschaft / Plaz Lampertsbierg
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Konsekratioun 1913
Architekt(en) Nicolas Petit
Baujoer 1910 - 1913
Koordinaten 49° 37’ 14.2’’ N
      06° 07’ 15.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Jousefskierch um Lampertsbierg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Zentrum vum Lampertsbierg op der Kräizung vun der avenue Victor Hugo mat der rue Antoine Zinnen, nieft dem Jongelycée a géintiwwer vun de fréieren Ausstellungshalen.

Den 23. Abrëll 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Decisioun fir de Bau vun der Kierch um Lampertsbierg mat ugrenzendem Parhaus ass am Joer 1909 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg op Wonsch vun der Bevëlkerung geholl ginn. D'Kierch gouf vun 1910 bis 1913 no de Pläng vum Architekt Nicolas Petit gebaut. Den 28. Mee 1911 gouf offiziell de Grondstee geluecht, mä schonn 1910 hat d'Entreprise Giorgetti mam Bau ugefaangen. Et ass eng vun de wéinege Kierchen am neoromanesche Stil zu Lëtzebuerg (wougéint déi neogotesch éischter heefeg sinn). Am Joer 1912 ass och déi eegestänneg Par Lampertsbierg entstanen, déi bis dohin zur Par "Liebfrauen" gehéiert huet.

Bannenariichtung[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Bannenariichtung staamt aus dem Joer 1976, an deem d'Kierch renovéiert an den neien Ufuerderunge vun der Liturgiereform ugepasst gouf. Sou steet am Chouer eng 6,5 m heich stèle eucharistique déi e Liewensbam duerstellt, mat Motiver aus dem alen Testament (ë. a. Adam an Eva), mam Tabernakel a mat enger interessanter Zeen uewendrop: eng Kräizegungszeen, déi awer gläichzäiteg den operstanene Christus weist (keng Neel, nëmme Wonne sinn ze gesinn; an en ass ugedoen). Dëst ass d'Wierk vum Tréirer Kënschtler Willi Hahn.

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

Déi net-figurativ Fënsteren am Kiercheschëff si vum André Haagen. D'Muttergottesstatu um lénkse Säitenaltor ass aus der zweeter Hallschent vum 17. Jh., de Jousef op deem anere Säitenaltor ass vum Albert Hames. D'Ställecher am Querschëff stame vun 1913, aus der Iechternacher Basilika, a koumen 1963 op de Lampertsbierg.

D'Paschtéier vum Lampertsbierg[änneren | Quelltext änneren]

  • 1912-1929: Jean-Baptiste Bormann
  • 1929-1932: Isidore Lippert
  • 1932-1944: Théophile Bisdorff
  • 1944-1964: Marcel Feller
  • 1964-1990: Nicolas Sabus
  • 1990-1995: Jean Leyder
  • 1995-2006: Raymond Thomas
  • 2006-: Paul Goerens

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Schmitt, L'église paroissiale du Limpertsberg; in: Ons Stad, Nr. 18 / 1985; S. 15.
  • (?), Hundert Jahre Pfarrei Limpertsberg; in: Luxemburger Wort, Joergang 164, Nr. 183, 7. August 2012, S. 16.
  • (Archiv Norbert Thill), Die Limpertsberger Sankt-Joseph-Kirche; in: Heimat + Mission, 1/2014 (Joergang 88); Ss. 22-27 (10 Illustratiounen).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jousefskierch um Lampertsbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).