Op den Inhalt sprangen

Schlass Ischpelt

Vu Wikipedia
Schlass Ischpelt
D'Schlass vun Ischpelt
Typ Hotel,
Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Klierf
Plaz Ischpelt
Koordinaten 50°4'52"N, 6°2'48"O
Statut Klasséiert Monument

D'Ischpelter Schlass läit zu Ischpelt an der Gemeng Klierf. D'Gebai wat haut do steet, ass vun 1860. D'Geschicht vum Schlass geet awer nach iwwer 200 Joer méi wäit zeréck. D'Gebai gouf an der Mëtt vun den 2000er Jore restauréiert, an ass zanter 2008, ënner dem Numm Château d'Urspelt, en Hotel mat Kongress- a Wellnesszentrum[1].

D'Geschicht vum Schlass geet iwwer 300 Joer op e Landsëtz zeréck. 1860 huet den Amand Bouvier dësen ausgebaut a moderniséiert, an e Park uleeë gelooss, mat Ulmen-Alleeën. 1900, huet, nom Doud vum Bouvier, deem säin Neveu Alfred Bouvier den Domaine geierft, mä hien a seng Nokommen hu sech wéineg drëms gekëmmert. An der Zäit vum Zweete Weltkrich haten déi däitsch Besatzer do hire Quartier général fir d'Éisleker Géigend. Nom Krich ass d'Schlass no an no zerfall a gouf just nach als en Juegdchalet gebraucht. Um Enn vum 20. Joerhonnert war de Park verwëldert, an et war net méi vill vum Schlass ze gesinn[1].

Am August 2005 huet e Privatentrepreneur d'Schlass kaf a wärend dräi Joer an d'Rei setzen an an e Luxushotel ëmbaue gelooss. Ë. a. gouf e Pëtz - warscheinlech vun enger mëttelalterlecher Buerg déi do war - fräigeluecht an en Tuerm (mat engem Lift) ugebaut[1].

D'Schlass gouf de 26. September 2008 als nationaalt Monument klasséiert[2].

D'Ischpelter Schlass haut

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter August 2008 funktionéiert d'Schlass als en Hotel mat Kongresszentrum (fir bis zu 500 Leit), deen een och fir Evenementer wéi Hochzäite loune kann[3].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 "Le Château d'Urspelt". Wunnen, 23. Januar 2009. Gekuckt de 26. September 2012.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
  3. "Meeting Point Luxembourg", Ministère des Classes moyennes et du Tourisme, 2011, S. 45. Gekuckt den 1. Abrëll 2011.