Kaalber Millen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kaalber Millen
Kaalbermillen.jpg
D'Kaalber Millen am Mäerz 2007
An anere Sproochen fr: Kalborn-Moulin
de: Kalborner Mühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Coat of arms clervaux luxbrg.png Klierf
Buergermeeschter Emile Eicher
Awunner 0 (01.01.2018)
Koordinaten 50° 06’ 11’’ N
06° 07’ 54’’ O


D'Kaalber Millen ass e Lieu-dit an der Gemeng Klierf (bis Enn 2011: Gemeng Hengescht) an ass en Deel vun der Gemengesektioun Kaalber.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Kaalber Millen läit am Dall vun der Our, ronn 1.5 km vu Kaalber ewech. Et kënnt en dohin iwwer e Wee de lénks vum CR339 fort geet, wann ee vu Kaalber op d'Tëntesmillen fiert, ongeféier 2 km baussent dem Duerf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kaalber Mille steet zanter dem September 2001 als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

D'Muschelziichterei[änneren | Quelltext änneren]

Op der Kaalber Millen huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur mat der finanzieller Hëllef vum Ëmweltministère, dem Naturmusée an dem LIFE-Nature Programm vun der EU vun 2005 bis 2011 e Projet fir d'Erhalen, dorënner och d'Ziichte vun der Flosspärelmuschel (Margaritifera margaritifera) realiséiert.

Nodeem am August 2011 de Life-Projet ausgelaf war, huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt eng Konventioun fir d'Finanzéierung vun der Suite vum Projet mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwen.[1][2]

Am Projet gëtt Folgendes realiséiert:

  • Uleeë vu Sträife laanscht d'Our, fir ze verhënneren datt ze vill Nierstoffer an d'Baach kommen.
  • Fiichten déi um Randgebitt vun der Baach stinn, ewechzehuelen.
  • Réier, déi an Niewebaache leien, ewechzehuelen fir datt d'Baachfrellen, op deenen hire Kimen d'Larve vun der Muschel liewen, erëm kënne fräi déi Baachen erop zirkuléiere fir ofzeläichen.
  • Eng Ziichterei fir Jongmuschelen, déi an d'Our ausgesat ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Konventioun gouf ënnerschriwwe vun de Ministere Marco Schank (Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung) a Jean-Marie Halsdorf (Inneminister).
  2. Luxemburger Wort vum 12. Dezember 2011, S. 29.