Diskussioun:Kaalber Millen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, merci fir d'sproochlech Verbesserungen an dësem Artikel. Just ee Punkt: ech hat Fiichten op Fichten gesat, dëst well, no mengen Informatiounen aus den E et F (elo just nach eng Kéier um Telefon gecheckt), do ausschliesslech Fichten gesot gëtt. Och d'Botaniker an aner Naturalisten zu Lëtzebuerg schwätze nëmme vu Fichten.
Am Klees (1972) steet Fiichten. Et schengt mer, datt dat en Usage ass, deen net méi aktuell ass.
Wat maache mer? Bleiwe mer trotzdem bei Fiichten? --Cayambe 08:39, 17. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wann e méi eng transmuselanesch Tendenz huet sinn et Fichten
Wann et lëtzebuergesch soll sinn wier et Fiichten. Mer hate schonns eng Kéier eng Diskussioun doriwwer, an do hate mer och bei engem vun de Sproochmatessen deen am Conseil permanent ass nogefrot.
Dovunner ofgesinn dréint et sech menger Meenung no ëm d'Nolenhëlzer am Allgemengen. Oder géifen d'Dänne eventuell stoe bleiwen?
Les Meloures 08:51, 17. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]