Robbesscheier

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) A Robbesscheier)
D'Robbesscheier
En Ardennerpäerd

D'Robbesscheier zu Munzen ass en Duerfmusée, an deem Aarbechts- a Liewensgewunnechte vu fréier aus dem Éislek presentéiert ginn.[1]

Nieft dem eigentleche Musée gehéieren, op enger Fläch vu 6 Hektar, och nach eng Véiperch, e Park, Bongerten a Gäert dozou. Do gëtt regional typescht Uebst a Geméis ugebaut, dat am Restaurant Robbesscheier verschafft a verdillegt gëtt. Ze gesinn ass och eng Beienzuucht, a wéi een un den Hunneg kënnt, historesch Maschinnen a Geschier, an et kann een den Ardennerpäerd nokucken, wann déi als Schaffdéier agesat ginn.

Punktuell Aktivitéite sinn d'Trauliichtbrennen, Enn Oktober, oder den Haupeschmaart uganks November, op Haupeschdag.

De Musée gëtt vum Syndicat du Tourisme vun der Gemeng Klierf gefouert, déi och Vakanzenzëmmeren dra verlount.

D'Gebai gouf den 22. Februar 1991 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robbesscheier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Robbesscheier op destination-clervaux.lu. Gekuckt 2016-01-16.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).