Op den Inhalt sprangen

Robbesscheier

Vu Wikipedia
Robbesscheier
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Munzen
Koordinaten 50°1'57,000"N, 6°2'16,692"O
Gestioun
Visiteuren/Joer
Um Spaweck http://www.robbesscheier.lu
Gebai
Kollektioun
Exponater
D'Robbesscheier
En Ardennerpäerd

D'Robbesscheier zu Munzen ass en Duerfmusée, an deem Aarbechts- a Liewensgewunnechte vu fréier aus dem Éislek presentéiert ginn.[1]

Nieft dem eigentleche Musée gehéieren, op enger Fläch vu 6 Hektar, och nach eng Véiperch, e Park, Bongerten a Gäert dozou. Do gëtt regional typescht Uebst a Geméis ugebaut, dat am Restaurant Robbesscheier verschafft a verdillegt gëtt. Ze gesinn ass och eng Beienzuucht, a wéi een un den Hunneg kënnt, historesch Maschinnen a Geschier, an et kann een den Ardennerpäerd nokucken, wann déi als Schaffdéier agesat ginn.

Punktuell Aktivitéite sinn d'Trauliichtbrennen, Enn Oktober, oder den Haupeschmaart uganks November, op Haupeschdag.

De Musée gëtt vum Syndicat du Tourisme vun der Gemeng Klierf gefouert, déi och Vakanzenzëmmeren dra verlount.

D'Gebai gouf den 22. Februar 1991 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

 Commons: Robbesscheier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Robbesscheier op destination-clervaux.lu. Gekuckt 2016-01-16.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 8. Oktober 2025).