Trauliicht (Brauch)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
En traditionellt Trauliicht

Als Trauliicht, Drauliicht[1] oder Rauliicht[2] (muselfränkesch: „Trouliecht“[3]) gëtt eng a Form geschnëtzt Rommelsluucht bezeechent.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert Trauliicht oder Drauliicht op Däitsch Traulicht, leet sech vun Druglicht of. D'Wuert ass ofgeleet vum aldäitsche Wuert Truglicht, dat fir d'Trauliicht steet.[4]. Den Begrëff aus der Welt vun de Seeërcher bezeechent Liichter, déi iwwer engem Mouer liichten an Wanderer irféieren.[5][6][7][8][9]

Brauch[änneren | Quelltext änneren]

D'Trauliichtbrennen oder d'Trouliechtern, ass e Brauch, dee bis nach am Ufank vum 20. Joerhonnert an de lëtzebuergeschen Dierfer, besonnesch am Éislek an an der Äifel verbreet war. Dobäi gouf eng Rommel fir d'éischt an déi richteg Form bruecht, dann ausgehielegt an Aen, Nues a Mond erausgeschnidden. Bannendra koum dann eng Käerz.[10] Owes gouf dat Trauliicht ugefaangen, op e Bengel gestach an ass beim Heemdreiwe vun de Kéi matgedroe ginn. D'Trauliichter sinn awer och an de Gaassen, an de Fënsteren an och souguer um Kierfecht opgestallt. De Brauch gëtt zu Lëtzebuerg ëm Allerhellge gefeiert. An verschiddenen Deeler an Däitschland souguer op Mäertesdag[11]. An der Nuecht vum 31. Oktober - gëtt gesot - ass déi däischter Joreszäit virun der Dier an d'Leit hu gemengt elo kéimen d'Séile vun de Verstuerwenen zréck. Iwwerall gouf et Schneekereie fir déi Doudeg ze berouegen. D'Trauliichtbrennen gëtt hautdesdaags ë. a. nach zu Munzen gefeiert, wou d'Leit an engem Fakelzuch duerch d'Gaassen zeien.[6][12] Zanter e puer Joer gëtt de Brauch an der Äifel vun de Gemengen a vum Eifelverein rëm nei belieft.[13][14][15] Ganz ausgestuerwe war den Brauch am Éislek an der Äifel ni. Vun de 70er Joren u gouf en erschwéiert, well d'Rommel ëmmer manner ugeplanzt gouf.

Déi Traditioun gouf iwwregens och vun den Ire weidergefouert. Et gouf sech dacks fierchterlech elle verkleet, fir net ënner den Doudegen opzefalen. Dee Brauch ass vun ireschen Auswanderer an d'Vereenegt Staate matgeholl ginn, wou en als Halloween gefeiert gëtt. Zanter der zweeter Hallschent vun den 1990er Joren ass Halloween och, am Ufank iwwer Geschäftsketten, an Europa verbreet ginn.

E "modernt" Trauliicht

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gredt, Nicolas 1883: Sagenschatz des Luxemburger Landes. Gesammelt von Dr. N. Gredt. 645 S. Dréckerei Victor Bück, Lëtzebuerg.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Drauliicht,op engelmann.uni.lu (Luxemburger Wörterbuch 1950-77). Opgeruff den 21. November 2015.
  2. Rauliicht,op engelmann.uni.lu (Luxemburger Wörterbuch 1950-77). Opgeruff den 21. November 2015.
  3. Bitburger Mundart Trouliecht, (Bitburger Mundart). Opgeruff den 21. November 2015.
  4. Traulicht und Druglicht, op woerterbuchnetz.de (Deutsches Wörterbuch von Jacob Grimm und Wilhelm Grimm). Opgeruff den 21. November 2015.
  5. Luxemburger Illustrierte Nr. 2, op luxemburgensia.bnl.lu. Opgeruff den 21. November 2015.
  6. 6,0 6,1 Die Geister, die ich rief, op tageblatt.lu. Opgeruff den 21. November 2015.
  7. Traulicht, op engelmann.uni.lu (Lexikon der Luxemburger Umgangssprache 1847). Opgeruff den 21. November 2015.
  8. Trauliicht, op engelmann.uni.lu (Luxemburger Wörterbuch 1950-77). Opgeruff den 21. November 2015.
  9. Raulicht,op useldeng.lu (Sagen aus Useldingen). Opgeruff den 21. November 2015.
  10. Trauliicht weeks (Halloween). Opgeruff den 21. November 2015.
  11. Troulicht, op pruemnetz.de (Legende vom Heiligen Martin). Opgeruff den 21. November 2015.
  12. 24. Oktober - 6. November: Traulichtwochen; Opgeruff den 21. November 2015.
  13. Trouliechter aus Rüben in Welschbillig, Trierischer Volksfreund Opgeruff den 21. November 2015
  14. Trouliechter a Matzen, Internetoptrëtt vun Bitburg-Mazem, Opgeruff den 21. November 2015
  15. Geschnitzte Rummeln halten Geister fern: 60 Kinder basteln aus Futterrüben Trouliechter, Trierischer Volksfreund vum 21. November 2015, Säit 11