Halloween

Vu Wikipedia

Als Halloween bezeechent een e virun allem eent an Irland an an den USA traditionell gefeiert Fest an der Nuecht vum 31. Oktober op den 1. November.

Säin Urspronk huet Halloween an engem Karschnatz- an Neijoerschfest vun de Kelten, dem Samhain ("Enn vum Summer"). D'heednesch Kelten hu gemengt, un de Beréierungspunkte vun der Joreszäite wier Kontakt tëscht der Geeschterwelt an de Stierfleche méiglech, an Hexen a béis Geeschter géife versiche fir an de Kierper vun engem Déier oder enger Persoun ze fueren. Dofir huet d'Bevëlkerung freeschlech Kostümer ugedoe a grouss Feiere gemaach fir se ze verdreiwen. Esou gläicht Halloween dem Brauch vum Trauliicht.

Mat der Christianiséierung vun Europa ass dee Brauch awer no an no verluer gaangen an Allerhellegen an Allerséile sinn an d'Plaz komm. Just op der irescher Insel huet e sech nach gehalen, mat der Besonneschkeet, datt d'Leit hir Feieren an eng ausgehielegt Ribb mat drageschnëtztem Gesiicht gesat hunn (als Symbol fir d'Operstoe vun den Doudegen).

Patissiersvitrine mat Schneekereie speziell fir Halloween

Duerch déi staark iresch Auswanderungen an d'USA ass Halloween och dohi komm, wou et och säin aktuellen Numm krut, als Verkierzung vun All Hallow's Eve ("Virowend vun Allerhellegen")[1]. An den USA gouf amplaz vun der Ribb déi do méi heefeg Kalbasse geholl an d'Trauliicht vun Halloween ass zur Jack O'Laterne ginn. Déi US-amerikanesch Kanner spillen deen Owend Trick or Treat ("Spiicht oder Kaddo"): als Gespenster an Hexe verkleet gi se vun Haus zu Haus a fuerdere Suen a Séissegkeeten, soss dreeë se domat fir de Leit aus dem Haus eng ze stiichten.

Mëtt vun den 1990er Joren hunn US-amerikanesch Grousskonzerner wéi Mattel an Hasbro, fir just déi zwéin ze nennen, ugefaange massiv un d'europäesch Medien a Geschäfter erunzetriede fir hiert Konsumfest och an Europa an enger soss éischter aarmséileger Geschäftssaison wat Séissegkeeten an Dekoratiounen ugeet ze populariséieren. Dofir gesäit ee mëttlerweil och zu Lëtzebuerg vereenzelt Kanner verkleet duerch d'Stroosse goen. Mä zanter 2002 kann ee mierken datt de Budget vun de Famille fir Halloween ëmmer méi kleng gëtt[Source?], wuel wéinst der ekonomescher Situatioun, mä och wéinst engem generelle Gefill vu Rejet vun engem vun den USA reegelrecht opgezwongene Konsumrausch[Source?], besonnesch well dat europäescht Samhain awer och guer a glat näischt mat der aktueller US-amerikanescher Form vun Halloween gemeinsam huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Halloween – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Etymologie vun Halloween