Emile Eicher

Vu Wikipedia
Emile Eicher
Gebuer 30. Juni 1955
Klierf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Den Emile Eicher, gebuer den 30. Juni 1955 zu Klierf, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).

Hie war vun 1994 bis 2011 am Gemengerot vun der Gemeng Munzen an och Buergermeeschter, an huet d'Intresse vun der Gemeng Munzen an de Gemengesyndikater SICLER (President), SIVOUR (President), Parc naturel de l'Our (President) a SYVICOL (Vizepresident) vertrueden. Hie presidéiert zanter 1994 d'Leader-Aktiounsgrupp Cliärref-Veianen, e Verband vu Gemengen a Veräiner fir d'Entwécklung vum ländleche Raum.

Am Juli 2009 ass hien als CSV-Deputéierten an d'Chamber nogeréckelt, nodeem de Marco Schank an d'Regierung Juncker-Asselborn II genannt gouf. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018 an deene vum 8. Oktober 2023 gouf hien duer erëmgewielt.[1]

No de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf den Emile Eicher Buergermeeschter vun der fusionéierter Gemeng Klierf. Zanter dem 7. Mee 2012 ass hie President vum Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises)[2].

Als Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 koum et zu enger Koalitioun vun der Biergerlëst an der CSV. Den Emile Eicher gouf dobäi Eischte Schäffen ënnert dem neie Buergermeeschter Georges Keipes.[3] Den Emile Eicher huet als Staatsbeamten an der Stad Lëtzebuerg geschafft bis hien an d'Chamber nogeréckelt ass. Hien ass bestuet, Papp vun 3 Kanner a wunnt zu Maarnech.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emile Eicher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. elections.lu.
  2. Emile Eicher ist offiziell neuer Syvicol-Präsident. Luxemburger Wort vum 9. Mee 2012, S. 14.
  3. "Rückschlag für Emile Eicher: In Clerf ist Georges Keipes bereit für den Bürgermeisterposte." wort.lu, 12.06.2023.
  4. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/