Syndicat intercommunal de la vallée de l'Our

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Syndicat intercommunal de la vallée de l'Our, kuerz SIVOUR, war en interkommunale Syndikat mam Zweck fir den Ourdall opzewäerten an z'entwéckelen. E gouf 2012 opgeléist.[1]

Member vum SIVOUR waren d'Gemengen Ëlwen, Houschent, Parc Housen, Kiischpelt, Klierf, Pëtschent, Tandel a Veianen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De SIVOUR gouf duerch Groussherzoglechen Arrêté vum 10. August 1992 gegrënnt. Matgrënner waren déi fënnef Gemengen Hengescht, Housen, Pëtschent, Veianen a Wäiswampech. Den Zweck vum Syndikat war fir den Ourdall opzewäerten an z'entwéckelen.[2] Mat Baastenduerf, Konstem, Furen, Houschent a Munzen sinn 1995 fënnef weider Gemenge Member am Syndikat ginn.[3] 1998 goufen zousätzlech déi dräi Gemenge Klierf, Ëlwen a Wëlwerwolz an de Syndikat opgeholl.[4] Verschidde vun deene Gemengen hunn an der Tëschenzäit fusionéiert.

Nodeems den Naturpark Our 2005 gegrënnt gi war, a verschidde Fonctioune vu Sivour iwwerholl huet, gouf deen 2012 offiziell opgeléist.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 4 septembre 2012 autorisant la dissolution du syndicat intercommunal de la vallée de l'Our, en abrégé «SIVOUR», Mémorial B 77 vum 24.09.2012.
  2. Arrêté grand-ducal du 10 août 1992 autorisant la création du syndicat intercommunal de la Vallée de l'Our, publizéiert am Mémorial B Nr 43 vum 3. September 1992, S. 825
  3. Arrêté grand-ducal du 13 février 1995..., publizéiert am Mémorial B Nr 15 vum 13. Mäerz 1995, S. 414
  4. Arrêté grand-ducal du 27 février 1998 autorisant l'admission des communes de Clervaux, Troisvierges et Wilwerwiltz au syndicat intercommunal de la Vallée de l'Our (SIVOUR), publizéiert am Mémorial B Nr 18 vum 31. Mäerz 1998, S. 292