Gérard Anzia

Vu Wikipedia
Gérard Anzia
Gebuer 6. November 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei déi gréng

De Gérard Anzia, gebuer de 6. November 1966 an der Stad Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng).

Hien huet säi Studium fir Ingenieur op der ULB zu Bréissel gemaach, fir duerno vun 1992 bis 2014 am Enseignement ze schaffen. Dat zulescht am Atert Lycée.[1] Hien ass President vum Naturschutzsyndikat SICONA am Zentrum a vun der Réidener Energieatelier a.s.b.l.[2].

Theemen[änneren | Quelltext änneren]

De Gérard Anzia setzt sech virun allem fir de Kampf géint de Klimawandel, de wuessenden Energieverbrauch an déi knapps Energieressourcen an.[3]

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

De Gérard Anzia ass zanter 1997 Member bei déi gréng a gouf 2005 Gemengeconseiller an 2011 Schäffen an der Gemeng Useldeng. No de Gemengewalen 2017 gouf hien nees Conseiller an der Gemeng.

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

De Gérard Anzia war Kandidat bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 fir déi gréng am Bezierk Norden. Hien ass fir d'Christianne Wickler, déi den 10. Juli 2014 hiert Deputéiertemandat niddergeluecht hat, an d'Chamber nogeréckelt[4]. Bei de Walen 2018 war hien nees Kandidat, gouf awer net erëmgewielt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Lehrkräfte" op alr.lu
  2. Vorstand op sicona.lu
  3. greng.lu Gearchiveerd op 2015-07-16. Gekuckt de(n) 2015-07-14.
  4. fiche signalétique op chamber.lu