Semiray Ahmedova
![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Semiray Ahmedova | |
---|---|
Gebuer |
21. Abrëll 1981 Sofia |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Université libre de Bruxelles |
Aktivitéit | Architekt, Politiker |
Partei | déi gréng |
D'Semiray Ahmedova, gebuer den 21. Abrëll 1981 zu Sofia[1], ass eng lëtzebuergesch Architektin a Politikerin (déi gréng).
Hierkonft[änneren | Quelltext änneren]
D'Semiray Ahmedova koum mat 9 Joer op Lëtzebuerg, nodeems si mat hirer Famill virum kommunistesche Regime a Bulgarie fortgelaf sinn. Ursprénglech sollt Lëtzebuerg nëmmen eng Tëschenetapp um Wee fir a Kanada sinn. Nodréiglech huet sech hir Famill dunn awer dauerhaft zu Diddeleng néiergelooss.[2]
Carrière[änneren | Quelltext änneren]
Nodeems d'Semiray Ahmedova souwuel d'Primärschoul wéi och de Lycée (Nic Biever) zu Diddeleng gemaach hat, ass si dono op d'Université libre zu Bréissel Architektur studéiere gaangen an huet mat zwéi Masteren an Architektur an a Landschaftsplanung ofgeschloss. No hirem Studium huet si an engem Architektebüro geschafft. Dono war si als Energieberoderin bei myenergy engagéiert. Bis zu hirem Amtsuntrëtt als Deputéiert huet si fir de Ministère de l'Energie et de l'Aménagement du territoire geschafft.[3]
Si hat bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 kandidéiert, gouf awer net direkt gewielt. Den 8. Oktober 2019 ass si an d'Chamber nogeréckelt, nodeems de Roberto Traversini do demissionéiert hat.[4].
Am Februar 2021 ass si an den Diddelenger Gemengerot nogeréckelt.[5]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ chd.lu. Gekuckt de(n) 05-11-2019.
- ↑ «Le Luxembourg m'a permis de me construire». lessentiel.lu, 9 oc. 2019.
- ↑ Serie - Nei Deputéiert (2): D'Semiray Ahmedova vun déi Gréng. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2019-10-29.
- ↑ "Une nouvelle députée." 'A la Une' op chd.lu, 8.10.2019.
- ↑ "Gemeindepolitik: Semiray Ahmedova (déi gréng) ist das neue Gesicht im Düdelinger Gemeinderat." tageblatt.lu, 5. Feb. 2021.