Djuna Bernard
Djuna Bernard | |
---|---|
Gebuer | 15. Juni 1992 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vun Heidelberg, Universitéit vu Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Scout |
Partei | déi gréng |
D'Djuna Bernard, gebuer de 15. Juni 1992[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (déi Gréng) a Conseillère de direction am soziale Beräich.
Formatioun a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Djuna Bernard war vun 2011 bis 2014 op der Uni Lëtzebuerg wou si hire Bachelor an Europäescher Geschicht gemaacht huet. Am Kader vum Erasmus-Programm war si 2013 fir en Auslandssemester op der FU zu Berlin. Vun 2015 bis 2017 huet si op der Uni zu Heidelberg e Master an Non-Profit Management and Governance gemaacht[2].
Si war Chargée de cours am LJBM, Benevole a Chargée de Mission beim Roude Kräiz an duerno bei Elisabeth - am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg[2].
D'Djuna Bernard war vu Mäerz 2016 bis Mäerz 2018 Presidentin vun der Conférence Générale de la Jeunesse.
Politesch Mandater
[änneren | Quelltext änneren]Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war d'Djuna Bernard fir déi éischt Kéier Kandidatin am Bezierk Zentrum. Si gouf net direkt gewielt, ass awer fir d'Sam Tanson nogeréckelt wéi déi an d'Regierung genannt gouf. D'Djuna Bernard ass de 6. Dezember 2018 als Deputéiert vereedegt ginn[3]. Den 10. Oktober 2019 gouf si Vizepresidentin vun der Chamber, nodeems den Henri Kox an d'Regierung gewiesselt ass.[4]
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si net direkt erëmgewielt, ma ass den 11.Juli 2024 fir de François Bausch, dee säi Mandat opginn hat, nogeréckelt.[5]
De 16. Mäerz 2019 gouf si op engem Parteikongress, zesumme mam Christian Kmiotek, zur Ko-Presidentin vun Déi Gréng gewielt. Am Juli 2020 gouf si, mam Meris Sehovic, zu engem vun de Co-Presidente vun deene Grénge gewielt.
Si ass zanter de Gemengewale vum Juni 2023 Gemengeconseillère an der Gemeng Mamer.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Pol Schock: "The new Greens." d'Lëtzebuerger Land Nr.27, 3. Juli 2020, S. 2-3.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Serie: de politeschen Nowuess - D'Djuna Bernard gräift no de Stären op rtl.lu den 20. September 2018
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ D'Djuna Bernard iwwert Jugend an Demokratie op fgfc.lu, fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 20187
- ↑ 2,0 2,1 D'Djuna Bernard op hirem Konto bei linkedin.com
- ↑ «Je jure fidélité au Grand-Duc» op wort.lu de 6. Dezember 2018
- ↑ Chambre des Députés. Gekuckt de(n) 29.10.2019.
- ↑ "Trois nouveaux députés assermentés le 11 juillet." chd.lu, 01. 07.2024.