Diane Adehm
| Diane Adehm | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
13. September 1970 Ettelbréck |
| Alter | 55 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Universitéit vun Namouer |
| Aktivitéit | Politikerin, Ekonomistin |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Gemengeconseillère, Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber |
|
| |
D'Diane Adehm, gebuer den 13. September 1970 zu Ettelbréck, ass eng lëtzebuergesch Ekonomistin a Politikerin (CSV).
Formatioun
[änneren | Quelltext änneren]Nom Lycée classique de Diekirch, huet si vun 1989 bis 1994 hire Studium zu Namur op de Facultés universitaires Notre-Dame de la Paix gemaach, déi si mat enger Maîtrise an de Sciences économiques et sociales ofgeschloss huet.
2006 huet si e Master of Business Administration vun der Sacred Heart University gemaach.
Berufflech Karriär
[änneren | Quelltext änneren]1994 koum si bei PricewaterhouseCoopers wou si ufanks beim Departement Révision d'entreprise geschafft huet an duerno Steierberoder war.
1998 ass si bei d'Entreprise des postes et télécommunications gewiesselt, wou si als als internen Auditeur beschäftegt war.
Zanter 2006 schafft si als Auditeur bei der Cour des comptes.
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Kommunal Politik
[änneren | Quelltext änneren]No de Gemengewale vun 2005 koum si an der Gemeng Hesper als Conseiller an de Gemengerot a gouf duer 2011, 2017 an 2023 erëmgewielt. Am Juni 2025 gouf si, nom Récktrëtt vum Marc Lies, nei Buergermeeschtesch vun der Gemeng[1]; si gouf de 24. Juli 2025 op deem Poste vereedegt[2].
National Politik
[änneren | Quelltext änneren]2009 huet si bei de Chamberwale op der CSV-Lëscht am Zentrum kandidéiert. Den 8. Mäerz 2011 ass si fir de Jean-Louis Schiltz als Deputéiert an der Chamber "nogeréckelt",[3] nodeem dee sech aus der Politik zeréckgezunn hat, fir sech op seng Beruffscarrière ze konzentréieren. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018 an deene vum 8. Oktober 2023 gouf si erëmgewielt.[4]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Diane Adehm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "No Récktrëtt vum Marc Lies: D'Diane Adehm gëtt nei Buergermeeschtesch vun Hesper." rtl.lu, 04.06.2025.
- ↑ (fr) Assermentation de Diane Adehm, bourgmestre, et de Jean Theis, échevin, de la commune de Hesperange. maint.gouvernement.lu (24.07.2025). Gekuckt de 25.07.2025.
- ↑ "Diane Adehm für Jean-Louis Schiltz" wort.lu, 08.03.2011 15:53 Uhr, aktualiséiert 08.03.2011 17:19.
- ↑ elections.lu.
