Marc Baum

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marc Baum
Gebuer 11. Juni 1978
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Politiker
Partei Déi Lénk

De Marc Baum, gebuer den 11. Juni 1978 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker a Schauspiller.

Zanter Oktober 2008 ass hien am Escher Gemengerot als Vertrieder vun der Partei Déi Lénk.

Den 20. Abrëll 2016 gouf hien als Deputéierten an der Chamber vereedegt, wou en d'Mandat vum Serge Urbany iwwerholl huet[1]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien dohinner erëmgewielt[2].

Am Mee 2021 huet hien, geméiss dem parteiinterne Rotatiounsprinzip, der Myriam Cecchetti säi Mandat fir de Rescht vun der Chambersessioun iwwerlooss.


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Marc Baum, nouveau député de Déi Lénk." op chd.lu, 20.4.2016.
  2. elections.lu.