Op den Inhalt sprangen

Handelsregëster

Vu Wikipedia

En Handelsregëster ass en ëffentleche Repertoire an deem Handelsgesellschaften d'Nimm vun den Administrateuren, dem Gerant, den Associéen, asw. an deelweis och d'Associatiounen, d'Stëftungen an d'ASBLen hir Statute verëffentleche mussen.

Den Handelsregëster erfëllt eng Informatiouns-, Publikatiouns-, Bewäis-, Kontroll- a Schutzfunktioun.

Prinzipiell stinn am Handelsregëster ënner anerem Informatiounen iwwert d'Gesellschaft, hiren Objet an de Sëtz, hir Filialen, d'Persounen déi se vertrieden, d'Rechtsform, d'Kapital asw.

Den Handelsregëster gëtt am allgemengen entweeder vum Geriicht oder vun enger spezieller Verwaltung gefouert. An Holland gradewéi an Italien an an enger Rei weidere Länner gëtt den Handelsregëster vun de Handelskummere gefouert.

Beispiller fir national Handelsregëstere sinn:

Am Kader vum European Business Registers gëtt gekuckt fir eng europawäit Interface opzestelle fir déi jeeweileg national Regësteren mateneen ze verbannen.

Situatioun zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Handelsregëster (Lëtzebuerg).