Handelsgesellschaft

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Handelsgesellschaft ass eng moralesch Persoun, déi kommerziell aktiv ass oder op d'mannst sou eng Form huet an déi sech an hirem eegenen Numm rechtlech engagéiere kann.

Forme vun Handelsgesellschaften[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg si follgend Gesellschaften eleng duerch hir Form Handelsgesellschaften[1]:

Kollektivgesellschaft société en nom collectif (SENC)
Einfach Kommanditgesellschaft société en commandite simple (SCS)
Speziell Kommanditgesellschaft société en commandite spéciale (SCSp)
Aktiegesellschaft société anonyme (SA)
Vereinfacht Aktiegesellschaft société par actions simplifiée (SAS)
Kommanditgesellschaft op Aktien société en commandite par actions (SCA)
Gesellschaft mat limitéierter Responsabilitéit société à responsabilité limitée (Sàrl)
Vereinfacht Gesellschaft mat limitéierter Responsabilitéit société à responsabilité limitée simplifiée (Sàrl-s)
Kooperativ société coopérative (SCOP)
Europäesch Gesellschaft société européenne (SE)

Donieft kënnen awer och Gesellschafte mat enger anerer Form Handelsgesellschafte sinn, wa se als Gesellschaftszweck Actes de commerce hunn[2].

An enger wäit gefaasstener Definitioun vun den Handelsgesellschaften zielt een och d'Société commerciale momentanée an d'Société commerciale en participation dozou, och wann dat u sech guer keng Gesellschafte sinn[2].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 100-2 vum modifizéierte Gesetz vum 10. August 1915 iwwer d'Handelsgesellschaften, hei verlinkt an der koordinéierter Fassung vum groussherzogleche Reglement vum 5. Dezember 2017, déi awer als sollech net méi aktuell ass
  2. 2,0 2,1 Artikel 100-1 vum modifizéierte Gesetz vum 10. August 1915 iwwer d'Handelsgesellschaften, hei verlinkt an der koordinéierter Fassung vum groussherzogleche Reglement vum 5. Dezember 2017, déi awer als sollech net méi aktuell ass