Gemeng Recken op der Mess
Recken op der Mess | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
An anere Sproochen |
fr: Reckange-sur-Mess de: Reckingen/Mess |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Carlo Muller |
Awunner | 2.511 (1 Januar 2019) |
Fläch | 2.042 ha |
Koordinaten |
49° 33’ 46’’ N 06° 00’ 28’’ O |
Websäit | http://www.reckange.lu/ |
Gemeng Recken op der Mess (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout) | |
D'Gemeng Recken op der Mess[1], Reckeng op der Mess, rar Recken, ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Haaptuert ass d'Uertschaft Recken op der Mess.
Inhaltsverzeechnes
Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Recken op der Mess läit am Süde vum Land am Kanton Esch-Uelzecht an huet eng Gesamtfläch vun 20,42 km². Dovu sinn 56,6 ha mat Bësch bedeckt. D'Mess fléisst duerch d'Uertschafte Recken op der Mess, Éileng a Wickreng.[2]
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
1784 hu sech d'Uertschafte Éileng, Lampech, Piisseng, Recken op der Mess, Riedgen a Wickreng zesummegedoen fir d'Gemeng Recken op der Mess ze forméieren. Vun 1823 un huet och Leideleng zur Gemeng gehéiert, éier den 1. Juli 1856 (Gesetz vum 3. Mäerz 1856) d'Sektioune Leideleng a Schléiwenhaff vun der Gemeng Recken ofgetrennt goufen fir eng eegestänneg Gemeng Leideleng ze forméieren.[3]
Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC
Demographie[änneren | Quelltext änneren]
Den 8. Dezember 2010 hunn an der Gemeng 2 173 Persoune gewunnt, dovun 1120 Fraen (51,5 %) an 1053 Männer (48,5 %). Déi meescht Awunner ware Lëtzebuerger; déi gréisst auslännesch Communautéit hunn d'Portugise mat 105 Persounen (4,8 % vun der Gesamtbevélkerung) gestallt.
532 Persounen (24,5 %) ware méi jonk wéi 20 Joer an 432 Persounen (19,9 %) ware méi al wéi 60 Joer.
D'Haaptuertschaft Recken op der Mess hat mat 825 Awunner déi meescht Awunner an der Gemeng, virun Éileng (493 Awunner), Lampech (353 Awunner), Riedgen (333 Awunner), Pisseng (85 Awunner) a Wickreng (84 Awunner).[2]
Rang | Nationalitéit |
Awunner | Rang | Nationalitéit |
Awunner |
---|---|---|---|---|---|
1 | ![]() |
1712 | 7 | ![]() |
23 |
2 | ![]() |
105 | 8 | ![]() |
22 |
3 | ![]() |
92 | 9 | ![]() |
14 |
4 | ![]() |
53 | 10 | ![]() |
8 |
5 | ![]() |
48 | Aner Nationalitéiten | 53 | |
6 | ![]() |
43 | Total | 2173 |
Politik[änneren | Quelltext änneren]
Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]
- ...
- 1844 & 1849:Dominique Grethen[4][5]
- ...
- 1935-1940: Jean-Pierre Hilger
- 1940-1944: däitsch Besatzung
- 1945-1963: Jean-Pierre Hilger[6]
- ...
- 2004-2006: Albert Huberty
- 2007-2011: Raymond Sinnen
- 2011-haut: Carlo Muller
Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Recken op der ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gemeng Recken op der Mess – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Recken op der Mess
- D'Gemeng Recken op der Mess op der Websäit vum Syvicol
- D'Gesetz iwwer d'Kreatioun vun der Gemeng Leideleng (Loi du 3 mars 1856 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Leudelange.) (fr) (de)
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Geoportail
- ↑ 2,0 2,1 reckange.lu: La commune se présente: La commune en chiffres
- ↑ reckange.lu: La commune se présente: Description
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX