Sergei Wassiljewitsch Rachmaninow

Vu Wikipedia
Sergei Wassiljewitsch Rachmaninow
Gebuertsnumm Сергей Васильевич Рахманинов
Gebuer 1. Abrëll 1873
Gestuerwen 28. Mäerz 1943
Beverly Hills
Doudesursaach Melanom
Nationalitéit Russescht Keeserräich, USA
Educatioun Conservatoire vu Moskau,
Accademia Nazionale di Santa Cecilia
Aktivitéit Komponist, Pianist, Dirigent, Musikolog
Famill
Bestuet mat Natalia Satina

De Sergei Wassiljewitsch Rachmaninow (russesch Сергей Васильевич Рахманинов; hie selwer huet als Ëmschrëft vu sengem Numm Rachmaninoff benotzt), gebuer den 1. Abrëll 1873 um Landgut Semjonowo bei Nowgorod, a gestuerwen den 28. Mäerz 1943 zu Beverly Hills, war e russesche Pianist, Komponist an Dirigent.

Am bekanntste si seng Prélude cis-Moll a säin Zweete Pianosconcert.

Den 29. Abrëll 1902 huet e seng Cousine Natalja Alexandrowna Satina bestuet, déi hie sou gutt se konnt ënnerstëtzt huet. D'Koppel hat d'Duechteren Irina an Tatjana. No der Oktoberrevolutioun huet de Rachmaninow mat senger Famill seng Heemecht verlooss, an huet duerno haaptsächlech an der Schwäiz an an den USA gelieft.

Kuerz viru sengem 70. Gebuertsdag ass en u Kriibs gestuerwen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sergei Rachmaninow – Biller, Videoen oder Audiodateien