Salvador Allende

Vu Wikipedia
Salvador Allende
Pseudonym Chicho
Gebuer 26. Juni 1908
Valparaíso
Gestuerwen 11. September 1973
Santiago de Chile
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Chile
Educatioun Universidad de Chile
Aktivitéit Politiker, Dokter, Chirurg, President vum Chile
Partei Partido Socialista de Chile

De Salvador Guillermo Allende Gossens, gebuer de 26. Juni 1908 zu Valparaíso a gestuerwen den 11. September 1973 zu Santiago de Chile, war e chileeneschen Dokter a vun 1970 bis 1973 President vum Chile.

Wärend senger Presidentschaft huet hie probéiert, op demokrateschem Wee eng sozialistesch Gesellschaft am Chile z'etabléieren. Sou huet hien d'Banken an d'Koffergrouwen an aner Minièren an auslänneschem (meeschtens US-amerikaneschem) Besëtz ouni Entschiedegung verstaatleche gelooss, an an enger Agrarreform d'Terraine vun e puer mächtege Groussgrondbesëtzer u Klengbaueren a Kollektiver verdeele gelooss. Hien huet d'Präisser vu Grondernierungsmëttelen a vu Loyere festleeë gelooss an eng gratis Schoulbildung a Gesondheetsversuergung agefouert.

Duerch seng Politik, ma och wéinst engem Handelsembargo vun den USA an anere Länner goungen d'Präisser vun Importer staark an d'Luucht, et koum zu enger Inflatioun vun 160 bis 600 % am Joer, wat zu enger reegelrechter Wirtschaftskris gefouert huet. Streiker, Manifestatiounen an terroristesch Attacke waren d'Folleg.

De Salvador Allende gouf den 11. September 1973 bei engem Militärputsch, mat un der Spëtzt dem Augusto Pinochet (an ënnerstëtzt vun der CIA) gestierzt, an huet sech am Verlaf vun de Kämpf d'Liewe geholl.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Salvador Allende: Chile – Volkskampf gegen Reaktion und Imperialismus. Aus Reden des Präsidenten der Republik Chile Salvador Allende Gossens. Staatsverlag der DDR, Berlin 1973.
  • Willi Baer, Karl-Heinz Dellwo (Hrsg.): Salvador Allende und die Unidad Popular. Laika, Hamburg 2013, ISBN 978-3-942281-64-5.
  • Waltraud Hagen, Peter Jacobs: Salvador Allende: Eine Chronik. Neues Leben, Berlin 2008, ISBN 978-3-355-01749-7.
  • Wim Reckman: Allende, Chiles neuer Mann. Laetare, Freiburg im Üechtland / Imba, Stein (Nürnberg) 1971, ISBN 3-7839-0026-3.
  • Osvaldo Puccio: Ein Vierteljahrhundert mit Allende. Erinnerungen seines Privatsekretärs. Übersetzt von Joachim Stennert. Verlag der Nation, Berlin 1980; Pahl-Rugenstein, Köln 1981, ISBN 3-7609-0589-7.
  • Alejandra Rojas: Salvador Allende: das Ende einer Ära. Aufbau, Berlin 1998, ISBN 3-351-02483-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Salvador Allende – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Salvador Allende beging Selbstmord. spiegel.de, 20. Juli 2011