Valparaíso

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Valparaíso ass eng Hafestad am Chile mat ca. 278.000 Awunner (905.300, wann een d'Aglomeratioun matzielt - Stand: 2004).

Valparaíso läit an enger Bucht am Pazifeschen Ozean, déi no Norden hin op ass. Den Hafen ass ee vun de wichtegsten aus dem Land.

Si ass de Sëtz vum chilenesche Kongress. Zu der Stad gehéieren och d'Desventuradas-Inselen, déi iwwer 1.000 km ewech leien.

D'Stad gëllt als kulturell Haaptstad vum Chile a gëtt an enger Aberzuel vu literareschen, musikaleschen oder kënschtlereschen Interpretatiounen evoquéiert. Am Juli 2003 gouf déi historesch Alstad mat hirer Architektur aus dem 19. an 20. Joerhonnert vun der UNESCO als Weltkulturierfschaft deklaréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Valparaíso – Biller, Videoen oder Audiodateien