Georg Schramm

Vu Wikipedia
Georg Schramm
Gebuer 11. Mäerz 1949
Bad Homburg vor der Höhe
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Psycholog, Kabarettist, Televisiounsmoderateur, Schrëftsteller
De Georg Schramm als Oberstleutnant Sanftleben

De Georg Schramm, gebuer den 11. Mäerz 1949 zu Bad Homburg, ass en däitschen Diplom-Psycholog a Kabarettist.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première (Abitur) huet de Schramm sech als Zäitzaldot bei der däitscher Bundeswehr gemellt, wou e Reserve-Offizéier gouf, mä wéinst "charakterlecher Net-Eegnung" d'Offizéieschschoul net fäerdeg konnt machen.

Hien huet doropshi Psychologie studéiert a vun 1976 bis 1988 als Psycholog geschafft. Zanter 1982 lieft hie vu senge Cabaretsprogrammer.

De Georg Schramm mécht politesche Cabaret, wou d'Grenzen tëscht Spaass an Eescht dacks verwëscht sinn. D'Personnagen déi en op der Bün verkierpert sinn haaptsächlech de liicht alkoholiséierten Oberstleutnant Sanftleben, de granzege Preis Lothar Dombrowski an de Sozialdemokrat August, e Rentner dee mat der moderner Zäit net eens gëtt.

De Schramm huet vun 2000 bis 2006 an der Televisiounsemissioun Scheibenwischer matgemaach. Vun 2007 bis Mee 2010 war hie beim ZDF an der Emissioun Neues aus der Anstalt mam Urban Priol ze gesinn.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1990 Salzburger Stier
  • 1991 Deutscher Kleinkunstpreis
  • 1994 Leipziger Löwenzahn
  • 1999 Deutscher Kabarett Preis
  • 2001 Stern des Jahres fir Cabaret
  • 2001 Gaul von Niedersachsen
  • 2005 de Cornichon-Präis op den Oltner Kabarett-Tage
  • 2005 Ehrenpreis Tegtmeiers Erben
  • 2007 Deutscher Fernsehpreis, Kategorie Beste Comedy, zesumme mam Urban Priol
  • 2008 Bayerischer Kabarettpreis

Soloprogrammer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1985: Solche Männer hat das Land
  • Dein Platz an der Sonne
  • Schlachtenbummler
  • Ans Eingemachte - Best Of
  • 2001: Mephistos Faust
  • 2005: Thomas Bernhard hätte geschossen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georg Schramm – Biller, Videoen oder Audiodateien