Phil Lynott

Vu Wikipedia
Phil Lynott
Gebuertsnumm Philip Parris Lynott
Gebuer 20. August 1949
Gestuerwen 4. Januar 1986
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Irland
Aktivitéit Bassist, Sänger, Museker, Pianist, Lidderschreiwer, Gittarist
Member vun Thin Lizzy

De Philip Parris Lynott gebuer den 20. August 1949 zu Birmingham, England; a gestuerwen de 4. Januar 1986 zu Salisbury, England war Bassist a Sänger an der éischter irescher Rockband déi international bekannt gouf.

Hien huet ëm 1969 zu Dublin d'Rockband Thin Lizzy gegrënnt. Säi Papp war Brasilianer a seng Mam Irin. 1980 huet de Phil Lynott eng Solocarrière gestart an huet nach am selwechte Joer d'Caroline, d'Duechter vum brittesche Comedian Leslie Crowther, bestuet. Zur Gebuert vu senger Duechter huet de Phil d'Lidd Sarah geschriwwen, dat en Hit gouf, geneesou wéi 1982 Yellow Pearl.

De Phil Lynott, a senge leschte Jore staark drogenofhängeg, ass 1986 am Alter vun nëmme 36 Joer un enger Iwwerdosis Heroin an der Infirmerie vu Salisbury an England gestuerwen. Säi Graf ass zu Dublin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Phil Lynott – Biller, Videoen oder Audiodateien