Goodyear-Dunlop Colmar-Berg
Goodyear-Dunlop Tires Operations SA ass eng Filial vun der Goodyear Tire & Rubber Company, déi zu Colmar-Bierg, Biissen an Diddeleng e Pneue-Komplex bedreift. Zum Komplex gehéieren Tire Plant, Luxembourg Mounting Center (LMC), Mold Plant, Tire Test Center, Regional Calendaring Center Europe (RCC*E), Goodyear Innovation Center Luxembourg (GIC*L), Luxembourg Automotive Campus an eng Testpist[1]
Haut schaffe ronn 3570 Leit fir d'Firma zu Lëtzebuerg[2]. 2016 huet Goodyear 1,6 Millioune Pneuen zu Lëtzebuerg produzéiert[3].

Den éischte Pneu gouf 1951 an der Tire Plant produzéiert.Mataarbechter bei der Goodyear zu Lëtzebuerg[4][5]
De 27. Juli 1949 gouf d'Goodyear S.A. gegrënnt, déi dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa an dat 35. weltwäit bedriwwen huet.

Tire Plant[änneren | Quelltext änneren]
D'Pneueproduktioun huet 1951 an der Tire Plant mat ongeféier 300 Mataarbechter ugefaangen, déi ronn 500 Pneuen pro Dag produzéiert hunn[6].
Se gouf op der Plaz vun enger aler Kalleks- an Zementsfabréck, der Chauxdolux, déi et vun ongeféier 1920 bis 1936 gouf, opgeriicht[7]. D'Kalleksfabréck koum no der Colmer Schmelz déi 1919 zou gemaach huet[8][9][10].
D'Fabréck grad sou wéi den ugrenzende Parking goufe bis an d'2010er ëmmer rëm vergréissert. Mat de Joren ass sou de Schmëtteknapp vun der Kaart verschwonnen.
Wou fréier Fliger- an Autospneue gebaut goufen, sinn et haut Camions- a sougenannt Earthmover oder Off-The-Road (OTR) Pneuen[11][12].
GIC*L[änneren | Quelltext änneren]
De Komplex zu Lëtzebuerg gouf 1957 mam Pneuefuerschungszentrum Technical Center erweidert.1969 gouf deen als GITC (Goodyear International Corporation Tire Technical Center), iwwert d'Joren an GTC*L (Goodyear Technical Center Luxembourg), an GIC*L emgebaut oder ëmgenannt. 2018 hätt de ganze GIC*L, mat iwwer 1000 Mataarbechter, zesumme mat engem Fuerschungsdepartement vun IEE an den Luxembourg Automotive Campus plënnere sollen[13][14]. Aus dem GIC*L komme reegelméisseg Konzeptpneuen[15].
Mold Plant[änneren | Quelltext änneren]
No der Ukënnegung 1969, ass 1970 déi deemoleg Luxmold opgaangen, an där nach haut Formen aus Aluminium a Stol fir d'Hierstellung vu Pneuen produzéiert ginn.
RCC*E[änneren | Quelltext änneren]
1997 ass de Regional Calendaring Center Europe opgaangen. Am RCC*E gëtt de Stoff mat Gummi verstäerkt[16].
LMC[änneren | Quelltext änneren]
Am Joer 2000 gouf d'Firma Luxembourg Mounting Center S.A. gegrënnt déi zanter 2001 eng ronn 8000 Camionspneuen pro Dag op Felgen opzitt[10][16].
Fabric Plant[änneren | Quelltext änneren]
1969 huet d'Produktioun an der Luxyold, spéider Fabric Plant, ugefaangen, an där d'Textileinlage fir d'Pneuen hiergestallt gëtt[3]. 2006 ass d'Gebai un déi südkoreanesch Hyosung verkaaft ginn.
Wire Plant[änneren | Quelltext änneren]
D'Wire Plant, déi Drot fir Pneue produzéiert huet, ass 1971 opgaangen. Nom Verkaf un Hyosung 2011, ass d'Fabréck 2012 zougemaach ginn. Haut steet do de Luxembourg Automotive Campus.
Mercury Plant[änneren | Quelltext änneren]
Uganks Mee 2022 ass d'Mercury Plant, déi zanter 2018 zu Diddeleng am Bau war, offiziell ageweit ginn. An der automatiséierter Fabrick gi mat engem digitaliséierte Procedé Pneuen a klenger Stéckzuel an Ersatzpneuen op Commande produzéiert. D'Goodyear Tire & Rubber Company huet 73 Milliounen Euro investéiert fir d'Wierk zu Diddeleng opzeriichten[17].
Circuit[änneren | Quelltext änneren]
Den Testcircuit goung 1970 op[4]. Déi längst Variant huet 3.260 Meter an 12 Kéieren[18]. De Circuit gëtt quasi exklusiv vu Goodyear benotzt fir Pneuen ze testen. Zanter 2013 organiséiert den HSRCL e puer Courssen, Trackdays an Testdays pro Joer um Circuit[19][20]. Sporadesch ginn och Motoscourssen organiséiert[21]. Bis 2011 huet d'Écurie Motoclub Goodyear heiansdo Evenementer organiséiert[22].
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ GOODYEAR All Season Press Event (11 October 2017). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
- ↑ Luxembourg en chiffres 2021. STATEC. Gekuckt de(n) 22 November 2021.
- ↑ 3,0 3,1 Goodyear ─ The pioneer of economic diversification in Luxembourg (13 August 2018). Gekuckt de(n) 24 November 2021.
- ↑ 4,0 4,1 Schweizerische Bauzeitung, Zwei Jahrzehnte Reifenproduktion in Colmar-Berg, Luxemburg (1972). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
- ↑ Liste des principaux employeurs au 1er janvier 2003 - 2021. STATEC. Gekuckt de(n) 24 November 2021.
- ↑ Goodyear: Bau des ersten Reifens in Colmar-Berg vor 70 Jahren. auto revue (29 Januar 2021). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
- ↑ Chauxdolux. industrie.lu. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
- ↑ Kolmer Schmelz. industrie.lu. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
- ↑ Histoire de la commune. Gemeng Colmer-Bierg. Gekuckt de(n) 22 November 2021.
- ↑ 10,0 10,1 Goodyear. industrie.lu. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
- ↑ Goodyear ─ The pioneer of economic diversification in Luxembourg. tradeandinvest.lu. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
- ↑ Goodyear moving niche car tire production. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
- ↑ Étienne Schneider présente le futur Luxembourg Automotive Campus dédié à la recherche et à l'innovation dans le secteur automobile. Ministère de l'Economie (24 März 2016). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
- ↑ Automotive Campus: le projet piétine. wort.lu (11 Juli 2017). Gekuckt de(n) 22 November 2021.
- ↑ Goodyear, Goodyear : des concepts de pneus élaborés à Colmar-Berg. science.lu (23 Juli 2019). Gekuckt de(n) 24 November 2021.
- ↑ 16,0 16,1 Goodyear. Gekuckt de(n) 24 November 2021.
- ↑ Marco Meng, Science Fiction in der Reifenfabrik, Luxemburger Wort, 6. Mee 2022, S. 10
- ↑ Streckendaten - Circuit Goodyear Test Track (Colmar-Berg). Gekuckt de(n) 24 November 2021.
- ↑ HSRCL Nos Albums. hsrcl.lu. Gekuckt de(n) 24 November 2021.
- ↑ Calendriers 2021. ACL Sport. Gekuckt de(n) 24 November 2021.
- ↑ Motorenruhe im Geburtstagsjahr - 10. Geburtstag HSRCL. ACL Sport (15 Juni 2020). Gekuckt de(n) 24 November 2021.
- ↑ Goodyear-Circuit: Keng Coursë [sic] méi zu Colmar-Bierg?