Émile Conzemius

Vu Wikipedia
Émile Conzemius
Gebuer 15. September 1876
Déifferdeng
Gestuerwen 2. Oktober 1949
Schaerbeek
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Dokter
Member vun Société belge de médecine tropicale
Famill
Papp Jean Conzemius

Den Émile Jean Nicolas Michel Conzemius, gebuer de 15. September 1876 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 2. Oktober 1949 zu Schaerbeek, war en Dokter, deen am Belsche Kongo gelieft a geschafft huet. Zesumme mat senger Fra Anna de Meester huet hie fir d'Rout Kräiz am Kongo geschafft. Säi Papp war de Jean Conzemius.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Émile Conzemius huet 1906 op der Université libre de Bruxelles säin Dokter an der Medezin kritt. Nodeems hien an der Géigend vun Arel praktizéiert hat, huet hie sech 1911 an den Déngscht vum Belsche Kongo gestalt an hat an der Provënz Katanga de Grad vum Dokter vun der 2. an 1. Klass. Vun 1924 bis zum Enn vu senger Zäit am Kongo 1937 stoung hien am Déngscht vum Kongoleesesche Roude Kräiz.

Als éischten Dokter a Chef de service vum Roude Kräiz vum Kongo huet hien an der ländlecher Regioun Pawa Spideeler, Dispensairen an Haiser fir d'Personal gebaut. Vun 1927 un huet hien och déi éischt isoléiert Dierfer fir déi Leprakrank gebaut an huet Patiente mat Tubekulos gehandelt. 1928 huet hien den éischte Poste vum Roude Kräiz zu Pawa opgemaach.

Seng Fra Anna de Meester[1], eng hollännesch Hiewan, huet esou wuel an de Strukture vum Roude Kräiz ewéi an de kongoleeseschen Dierfer Leit als Hëllefshiewan ausgebilt. Zesummen huet hien a seng Fra d'lokal Bevëlkerung ausgebilt fir an de verschiddene Poste vum Roude Kräiz ze schaffen.

Den Émile Conzemius war Member vun der Société belge de Médecine tropicale. Hei huet hien och eng Rei Artikele iwwer Tropemedezin a Lepra verëffentlecht.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Madamm de Meester huet bei hirem Doud de 14. 12. 1955 der Eglise Protestante Néerlandaise du premier district eng Ierfschaft vu 50.000 Frang gemaach. Eglise Protestante Néerlandaise du premier district. Legs de Mme Anna Meester, Veuve Conzemius J. (S. 88 / Art. 29). Gekuckt de(n) 6. 1. 2023.
  2. Émile Conzemius. Institute of Tropical Medicine Antwerp. Gekuckt de(n) 6. 1. 2023.